Automateschen Informatiounsaustausch: Drëttstaaten warden op OECD-Standard

D’Schwäiz, Liechtenstein, Monaco, Andorra a San Marino féieren den automateschen Informatiounsaustausch fréistens an, wann den entspriechenden OECD-Standard a Kraaft trëtt. Fir d’Iwwergangszäit ass keen Accord tëscht der EU a 5 Drëttstaaten geplangt, deen den automateschen Informatiounsaustausch nom Virbild vun der erweiderter EU-Zënsbesteierungsdirektiv géif aféieren. Dat explizéiert den EU-Steier-Kommissär Algirdas Šemeta an engem Bréiw vum 4. Mäerz un déi griichesch Rotspresidence.

Déi erweidert Direktiv soll muer um EU-Sommet zu Bréissel Gréng Luucht kréien a kéint den 1. Januar 2017 a Kraaft trieden.

Detailer am Bäitrag vum Pia Oppel, mat Aussoen vum Mario Tuor (Porte-Parole vum Schwäizer Staatssekretariat fir international Finanzfroen) an vum Emer Traynor (Porte-Parole vum EU-Steierkommissär):

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen