E concernéierte Papp confirméiert dat am 100,7-Interview. Zum Beispill am Fall vun Autismus wier et schwéier op d'Impflëschte vun den Dokteren ze kommen, well keng eendeiteg Kategorie fir dës Leit virgesinn ass.
Et ass de Fall vun engem erwuessene Mann um Autismus-Spektrum, deen eng Dagesstruktur besicht. Entgéint zu den autistesche Bewunner, déi an der Institutioun liewen, war hien net an der éischter Phase vun der Impfcampagne kategoriséiert.
De Papp huet missen iwwer de Generaliste fueren, fir säi Jong aschreiwen ze loossen. Leit mat Trisomie wieren op der Lëscht erfaasst, mee fir Leit mat Autismus wier keng Kategorie virgesinn, zielt hien.
Konsequenz: den Hausdokter huet refuséiert den autistesche Mann an eng prioritär Phas ze setzen. Eréischt nodeems de Papp e puer mol bei der Santé ugeruff huet, huet den Hausdokter eng Attestatioun ausgeschriwwen.
Méiglech Problemer bei der Hospitalisatioun
Zwar wiere Leit um autistesche Spektrum medezinesch gesi manner vulnerabel fir e schwéiere Krankheetsverlaf am Fall vun enger Covid-Infektioun, mee duerch hier Kommunikatiounsschwiergkeete wier am Fall vun enger Hospitalisatioun d'Situatioun fir d'Persoun onverständlech. De Papp schwätzt hei vun enger katastrophaler Situatioun, well déi concernéiert Persoun net kéint verstoen, datt en am Bett misst bleiwen.
D'Pandemie wier fir Leit mat enger Beanträchtegung an hiren Entourage mat vill Stress verbonne gewiescht. Fir da bei der Impfcampagne mussen ze kämpfen fir un d'Rei ze kommen wier immens belaaschtend, esou de Papp. Info-Handicap hat hei op der Antenn dofir proposéiert, datt Persoune mat enger Behënnerung sech misste kënne bei den Autoritéiten op eng Lëscht androen.