Ausstig Tanktourismus? Etude soll Kloerheet schafen
Am Regierungsrot soll nach doriwwer diskutéiert ginn, wéi en Impakt de rezenten EU-Klima-Accord an IPCC-Rapport op d’lëtzebuerger Mesuren an deem Beräich hunn. Wéi d’Ëmweltministesch am 100,7-Interview seet, gëtt dat tëschent dem Wirtschaft’s-Ministère an dem Nohaltegkeetsministère coordinéiert. Eng vun deene gréissten Erausfuerderunge schéngt et ze sinn, vum Akaf vun CO2-Emissiounszertifikater ewechzekommen a méi konkret Mesuren hei am Land ëmzesetzen. Ënnert anerem gëtt och eng Etude an deem Sënn iwwert e méiglechem Ausstig vum Tanktourismus ausgeschafft, esou d’Carole Dieschbourg, déi sech geschwënn schonn éischt Resultater erwaard. D'Ëmweltministesch um Mikro vum Simon Larosche: