Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausnamen am EU-Gasplang

Experten-Avis

Ausnamen am EU-Gasplang

De Plang, dëse Wanter an der EU 15 Prozent manner Gas ze verbrauchen, suergt fir Diskussiounen. No de Verhandlungen tëschent den EU-Memberlänner goufen eng Rei Exceptiounen an Derogatiounen an de Plang integréiert. Experte stelle sech Froen iwwer dës Ausnamen, a wéi eng Auswierkunge si op d'Resultat wäerten hunn.

auto_stories

2 min

An der EU soll ab nächstem Mount all Land 15 Prozent Gas spueren. Foto: iMattSmart (Unsplash)

Lauschterenplay_arrow

D'Europäesch Kommissioun war gëschter beméit, d'Auswierkungen vun deenen Exceptiounen am Plang kléng ze rieden: "Och wann all Exceptioune géifen an Usproch geholl ginn, kéinte mir duerch d'Aspuerunge sécher duerch een normale Wanter kommen", sot d'EU Kommissärin Kadri Simson, déi fir d'Energie zoustänneg ass.

Expert vun Think Tank Bruegel gëtt säin Avis

"D'Rechnung, datt mir op 15 Prozent Reduktioun komme musse, stëmmt", seet den Energie-Expert vum Think Tank Bruegel, de Ben McWilliams: "Wa mir op d'Importer an d'EU kucken, déi net aus Russland kommen, a mir kucken op d'Demande, da musse mir 15 Prozent aspueren, dat ass sécher."

Ausname fir déi Länner ze maachen, déi vum europäesche Gasreseau ofgeschnidde sinn, mécht Sënn, sou den Expert. Si kéinte souwisou am Noutfall kee Gas un déi aner liwweren.

Allerdéngs wier net all Exceptioun nozevollzéien, seet de Ben McWilliams. Gëtt e Noutfall an der EU ausgeruff, ginn d'Reduktiounen obligatoresch - ma just da kënnen d'Länner och verschidden Derogatiounen ufroen.

Zum Beispill fir Industrien, déi Gas notze fir Fudder- oder Düngemëttel hierzestellen. Dat kéint bei ville Länner de Fall sinn, an do wier et schwéier, d'Auswierkunge virauszegesinn.

Aspuerunge generell si positiv

Positiv wier virun allem, datt elo all Land ee Plang fir d'Aspuerunge maachen muss, esou de Ben McWilliams:

"D'Fro ass, kënne mir dat op eng koordinéiert Manéier maachen? Sou datt d'Regierungen zesumme kucken, wou Mesure geholl kënne ginn, ouni eng Rezessioun auszeléisen."

D'Kommissioun hat vun op d'mannst 45 Milliarde Kubikmeter Gas geschwat, déi missten agespuert ginn, wann ee wéilt ouni russesche Gas eens ginn. EU-Diplomaten hunn dono zouginn, datt Exceptiounen de reelle Chiffer vum agespuerte Gas no ënne korrigéiere kéinten.