Auslännerwahlrecht: Serge Kollwelter kritiséiert Regierung

De Serge Kollwelter fäert, datt e Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht an d’Box geet. De fréiere President vun der Auslännerassociatioun ASTI sot an eisem Mëttespanorama, d’Sondage géife ganz kloer weisen, datt d’Akkzeptanz vum Auslännerwahlrecht ëmmer méi ofhëlt. Donieft kritiséiert de Serge Kollwelter, datt d’Regierungsparteien net hannert der Iddi stinn. Déi, déi am Referendum d’Fro stelle, musse selwer eng Meenung hunn, esou de fréieren ASTI-President. Et géif iwwer d’Jore wuel em Ëmdenken an der Gesellschaft ginn, mä déi Entwécklung bréicht Zäit. Besser wéi e konsultative Referendum wier et, an der neier Verfassung d’Méiglechkeet virzegesi fir d’Auslännerwahlrecht via Gesetz anzeféieren. Datt d’CSV zejoert domat averstan war, déi Positioun awer revidéiert huet, bedauert de Serge Kollwelter.

Den Interview vum Jean-Claude Franck mam Serge Kollwelter:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/jcf-itv-kollwelter.mp3">][/audio]

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen