Corona-Kris Ausgangsspär vun 23 bis 6 Auer

Fir der aktueller Hausse un Neiinfektiounen entgéint ze wierken, huet d'Regierung eng Ausgangsspär decidéiert. Deen Text muss awer nach duerch d'Chamber. D'Maskeflicht gëtt ausgedeent.

Claude Biver

(de g. à dr.) Paulette Lenert, ministre de la Santé ; Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État
D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an de Premierminister Xavier Bettel. Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Archiv)

Lauschteren


Nodeems d'Regierung de leschte Weekend nach keng nei Restriktiounen op de Wee wollt bréngen mee un d'Responsabilitéit vun de Bierger appelléiert huet, huet de Premierminister Xavier Bettel haut virun der Press nei Mesurë presentéiert.

Et soll zu Lëtzebuerg eng Ausgangsspär vun 23 bis 6 Auer ginn. Dëst soll fir ee Mount gëllen.

Ouni Maskeflicht dierf ee just nach véier Leit bei sech empfänken (zousätzlech zu deenen, déi schonn am Stot wunnen). Och a Restauranten a Baren dierf ee just nach zu véier op een Dësch goen. Bei all Evenement iwwer véier Leit, dobaussen oder dobannen, wier de Mask obligatoresch.

D'Ofwaasser-Wäerter géife weisen, datt de Virus sech flächendeckend am ganze Land verbreet huet. "Dat deit drop hin, datt mer eng grouss Donkelziffer hunn", esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. "De Virus ass iwwerall", esou de Staatsminister.

An de Spideeler géif et eng Well un Infektioune ginn, an et géife sech nees méi eeler Leit infizéieren.

Am Sport géifen all d'Championnater ofgesot ginn, ausser d'Nationalequipe an déi éischt Liga. Och am Sport géif d'Reegel vun de véier Kontakter gëllen: vu méi wéi véier Leit u wier de Mask obligatoresch.

All déi nei Mesurë gëllen eréischt formal, wa se bis an der Chamber gestëmmt sinn. Mee se gëllen elo schonn als Recommandatioun, esou de Xavier Bettel.

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen