Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  J. Bernardt - Taxi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus fir de Verbrenner, keen Accord iwwer Emissiounshandel

KLIMA-KRIMI AM EUROPAPARLAMENT

Aus fir de Verbrenner, keen Accord iwwer Emissiounshandel

Vun 2035 u sollen an der EU keng Autoe méi verkaf ginn, déi mat Diesel oder Bensinn fueren. Dofir huet sech gëscht eng Majoritéit am EU-Parlament ausgeschwat. Iwwer d'Reform vum Emissiounshandel gouf ee sech net eens.

auto_stories

5 min

Foto: EU / Mathieu Cugnot. (Foto: Archiv)

Lass goung et Nomëttes kuerz no zwou Auer fir een éischte Vott iwwer fënnef verschidde legislativ Proposen, déi d'Europäesch Kommissioun am Kader vun hirem Klimapak gemaach hat.

Dee Vott sollt allerdéngs net bis zum Schluss kommen, amplaz dovu goufen et géigesäiteg Reprochen, sech mat der Droite zesummen ze dinn.

Et ass eng Realitéit, datt d'Sozialisten, déi Gréng an déi Lenk hei zesumme mat den extrem Rietse gestëmmt hunn, stellt de Manfred Weber, de Chef vun der Europäescher Vollekspartei fest.

De Leader vun deene Gréngen, de Philippe Lamberts, hält dogéint:

"Si vous voulez des majorités pro-européennes solides, cela se construit et cela ne se s'improvise pas."

Genee ewéi d'Manon Aubry vun deene Lénke weist hie wäit vu sech, datt een op enger Linne mat der Extrème droite wier:

"Qui, Messieurs du PPE, a voté avec l'extrême-droite, c'est bien vous!"

EVP wëllt der Industrie méi Zäit ginn

Ugefaangen hat et domat, datt d'Vertrieder:inne vun der Europäescher Vollekspartei sech beim Vott iwwer d'Reform vum Emissiounshandel mat engem Amendement dofir agesat hunn, déi méi industriefrëndlech ze gestalten.

Deemno kéinte Betriber méi laang wéi vun der Kommissioun proposéiert vu gratis CO2-Zertifikae profitéieren.

Dat Argument vertrëtt och den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen. Ee verfréiten Auslaf vun deenen Zertifikae géif zu engem Schock féieren:

"Ee Schock, deen dozou gefouert hätt, datt d'Betriber sech nach méi schnell delokaliséieren aus der Europäescher Unioun. Wärenddeem s de sou genannten Carbon Border Adjustement Mechanism, den Ausgläichsmechanismus, un eise Grenzen gräife soll. Dat muss ee flëssegen Iwwergang sinn, fir datt d'Betriber och déi néideg Investitioune kënne maachen."

Den Amendement, den Entreprise méi Zäit ze ginn, krut beim Vott mat der Hëllef vun der Droite eng Majoritéit.

Rout Linn fir Gréng, Lénk a Sozialisten

E war awer eng rout Linne fir déi Lénk, Sozialisten a Gréng. Een "No-Go", seet d'Tilly Metz, Europadeputéiert vun deene Gréngen.

"Wann ee weess, datt mir just nach e puer Joer hu fir d'Klima ze retten, wéi kann een dann akzeptéieren, datt bis 2028 op demselwechten Niveau gratis polluéiert ka ginn. Dat war fir eis net akzeptabel."

Gréng, Lénk a Sozialisten hunn deemno décidéiert um Enn, wéi déi ganz Reform vum Emissiounshandel zum Vott stoung, dogéint ze stëmmen - zesumme mat deene rietse Fraktiounen.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz seet dozou:

"Datt aus ganz anere Grënn d'Extrême Droite souwisou géint deen Text stëmme géif, ass keng Iwwerraschung. Dat dierf bei esou engem wichtegen Text keng Roll spillen."

Zeréck an d'Ëmweltkommissioun

De Rapporter an deem Dossier, de Peter Liese vun der EVP, war gëscht net frou. Et wier irresponsabel, sech wéinst där Oppositioun an deem enge Punkt géint déi ganz Reform ze stäipen, sou den CDU-Politiker.

Op d'Fro, ob hie bedauert, datt hie sech esou ugeluecht huet, sot de däitsche Peter Liese: "Neen, dat deet mer net leed" a verweist sengersäits op déi sozialistesch Fraktioun, déi an de parlamentaresche Kommissiounen aner Positioune vertrueden hätt, si wiere sech net eens.

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel, Member vun deem sozialistesche Grupp am Europaparlament, léisst dat esou net stoen:

"Mir hunn eis Positioune kloer gesot, dem Rapporteur vun der EVP. Si hu gepokert andeems si mat de Konservativen an de Rietsextreme gestëmmt hu fir d'Klimaziler erofzesetzen."

Egal wéi - de Ball läit elo nees an der Ëmweltkommissioun vum Parlament.

Well déi Reform enk un d'Aféiere vun där neier CO2-Grenzssteier an och un de Klimasozialfong verknäppt ass, goufen och déi zwee Dossier dohin zeréckgeschéckt.

Um Enn huet de Pascal Canfin, President vun der Ëmweltkommissioun festgehalen:

"On doit renvoyer les trois textes en Commission - de façon à revenir, je l'espère en plénière avec une majorité large et cohérente pour le climat."

D'Verhandlungen iwwer en neie Kompromëss hu scho gëschter ugefaangen. Si kéinten Deeg oder Wochen daueren, huet et zu Stroossbuerg geheescht.

Lëtzebuerger Europadeputéiert gespléckt

Eens gi war sech d'Parlament an engem anere Sträitpunkt: Eng Majoritéit huet sech dofir ausgeschwat, datt vun 2035 un soll Schluss sinn mam Verkaf vun neien Autoen, déi mat Diesel oder Bensin fueren. Dat hat d'Europäesch Kommissioun esou proposéiert.

Ënner de Lëtzebuerger Europadeputéiert goungen d'Meenungen do auserneen.

Vertrieder vun den Däitsche Chrëschtdemokraten haten d'Propos, den Aus vum Verbrenner no hanne ze verleeën, zum Vott gestallt hunn. Bis 2035 misste just 90 Prozent vun den neien Ween Elektroautoe sinn, sou hir Fuerderung. Den Datum fir den Enn vum Verbrenner-Moteur hu si opgelooss.

Géint déi Propos huet sech gëscht eng kloer Majoritéit vun 328 Deputéiert ausgeschwat, dorënner d'Tilly Metz vun deene Gréngen, de Marc Angel vun der LSAP an d'Monica Semedo, déi zu Lëtzebuerg kenger Partei méi ugehéiert.

Dofir waren der 264: Déi meescht vun hinnen, stamen aus der Europäescher Vollekspartei, déi och déi gréisste Fraktioun am Parlament stellt.

Déi zwee vun der Lëtzebuerger CSV sinn Deel vun där politescher Famill an hu sech och hanner déi Propos gestallt. Fir de Christophe Hansen geet et drëms Zäit ze gewannen, bis datt déi néideg Infrastrukture fir Elektroautoen iwwerall installéiert sinn.

Och de Charles Goerens huet am Contraire zu der grousser Majoritéit vu sengem liberale Grupp - deen offiziell "Renew Europe" heescht, fir d'Propose vun de Chrëschtdemokraten gestëmmt.

Jee éischter Schluss mam Verbrenner ass, desto besser, fënnt den DP-Politiker. Allerdéngs hält hien een Erausklammen aus dem Verbrennermoteur bis 2035 fir "net realistesch".

Um Enn huet sech d'Parlament majoritär hanner d'Positioun vun der Kommissioun gestallt. Dat heescht, datt vun 2035 un an der EU keng nei Autoen mat Verbrenner-Moteur méi zougelooss dierfe ginn.

Definitiv ass dat awer eréischt, wann och d'Memberlänner dat esou gesinn. Si wëlle bis Enn des Mounts tranchéieren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.