Aus der Fusiounsgemeng Meesebuerg gëtt näischt
D’Resultater vum Referendum an de Gemengen Noumer a Fëschbech weisen, datt d’Leit net prett si fir op de Wee vun enger Fusioun mat der Fiels ze goen, esou d’Reaktioun vum Inneminister de Mëtteg am 100,7-Interview.
D’Regierung hätt dëse Fusiounsprozess encouragéiert an hien hätt et natierlech léiwer gehat, wann et zu engem positive Vote komm wier, esou den Dan KERSCH. D’Regierung erkennt de Referendum awer un, dat heescht nëmmen d’Bierger decidéieren, ob et zu enger Fusioun kënnt, betount de Minister.
Reaktioun dann och vum CSV-Député-Maire a Vize-President vun der innepolitescher Chamberkommissioun Gilles ROTH, deen ënnersträicht datt eng Fusioun net vun uewen erof kann diktéiert ginn. Dëst Resultat géif weisen, datt eng Territorial-Reform elo méi schwiereg gëtt. Ursprénglech war geplangt fir d’Zuel vun de Gemenge mëttelfristeg op 71 ze reduzéieren.
Aus der geplangter Fusiounsgemeng Meesebuerg gëtt deemno näischt, nodeem an de Gemengen Noumer a Fëschbech gëschter majoritär géint een Zesummeschloss gestëmmt gouf.
De Bäitrag vum Serge Kesseler mat der Reaktioun vum Inneminister Dan Kersch:
De Bäitrag vum Serge Kesseler mat der Reaktioun vum CSV-Député-Maire Gilles Roth: