Enn 2021 souze ronn 600 Mënschen zu Lëtzebuerg am Prisong, 64 Prozent waren EU-Bierger:innen, dorënner 28 Prozent Lëtzebuerger:innen a 14 Prozent Portugis:innen.
Vun de 36 Prozent Net-EU-Bierger:inne stamen ee Véierel aus Afrika. D'Analys vun der Häftlingspopulatioun aus de 47 Memberstaate vum Europarot weist, datt Lëtzebuerg mat 72 Prozent auslännesche Prisonéier un der Spëtzt a wäit iwwer dem europäeschen Duerchschnëtt vu 24 Prozent läit, wat sécher mat der Gréisst, der geographescher Lag an der Bevëlkerungsstruktur vun eisem Land ze dinn huet. Bal d'Hallschent vun de Prisonéier huet keng Residenz bei eis.
Präventiivt Aspären a Virveruerteelung
Schraasseg a Giwenech hunn zesummen eng Capacitéit vu 710 Plazen. Mat deene 400 neie Plaze fir Untersuchungshäftlingen um Uerschterhaff zu Suessem kënnt deemno eng Steigerung vu surrealistesche 56 Prozent! Den 31. Januar 2021 waren 43 Prozent vun de Prisonéier zu Lëtzebuerg nach net rechtskräfteg verurteelt. D'Moyenne an de Länner vum Europarot läit hei bei 22 Prozent!
Wann ee weess, datt laut dem Prinzip vun der Présomption d'innocence, dës Leit als onschëlleg gëllen, bis se tatsächlech condamnéiert sinn, da versteet een, datt eis Lëtzebuerger Gesellschaft knallhaart nom Prinzip vum präventiven Aspären an der Virveruerteelung funktionéiert. Dobäi kënnt, datt Untersuchungshäftlinge bis haut keng seriö Aarbechts- a Beschäftegungsméiglechkeeten am Prisong hunn - si sëtzen do a waarden op hire Prozess.
Den Duerchschnëttsalter vun de Prisonéier läit bei 36 Joer, woubäi een Drëttel vun hinne manner ewéi 30 Joer huet - Zuelen, déi Froen opwerfen. Jonk stroffälleg Mënschen ewechspären ass definitiv net kompatibel mat hirer gesellschaftlecher Integratioun! Dobäi kënnt, datt Lëtzebuerg schonn ëfters verurteelt ginn ass, well Mannerjäreger am Erwuesseneprisong souzen - en Theema, dat nach laang net gereegelt ass.
Et gi wéineg Alternativen zum Prisong
Iwwregens si 45 Prozent vun eise Prisonéier zu manner ewéi dräi Joer Prisong verurteelt, hunn also éischter kleng Strofdote begaangen. Schonn 2014 huet den Ombudsmann a sengem Rapport iwwert de Prisong ënnerstrach, datt fir eng Aglidderung vun de Prisonéier an eis Gesellschaft méi an Therapiemesuren an an Alternativen zum Strofvollzuch muss investéiert ginn.
Trotzdeem baue mer e neie Prisong a notzen nëmme seelen alternativ Kontrollformen ewéi Foussfesselen. Zwar bestinn och am Prisong sozial an therapeutesch Méiglechkeeten, mee ass dat de richtege Wee?
Misst net besonnesch bei klengen Delikter éischter op e spezialiséierte soziale Suivi ausserhalb vum Prisong gesat ginn, op di therapeutesch Wierkung vun enger Aarbechtsplaz an engem gesellschaftlechen oder associativen Engagement? Jorelaang agespaart ze sinn ass Gëft fir eng spéider sozial a berufflech Integratioun!
De Centre de Rétention: "double peine"
Als "double peine" gëtt am Kontext vum Fräiheetsentzug d'Praxis bezeechent fir Auslänner, déi zu enger Prisongsstrof verurteelt goufen, nom Ofsëtze vun hirer Strof an de Centre de Rétention op Sandweiler komme fir ausgewisen ze ginn. D'Administratioun fänkt oft dann eréischt mat de Preparatioune fir hir Ausweisung, amplaz dat ze maache soulaang se am Prisong sinn.
Bis zu sechs Méint kënne Mënschen esou zousätzlech festgehale ginn, d'Moyenne läit bei 45 Deeg. Am Abrëll vun dësem Joer huet den Immigratiounsminister op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt vun den 33 Persounen, déi am Centre de Rétention agespaart waren, der nëmmen dräi ouni Openthaltspabeiere waren an eng no ofgeschlossener Asylprozedur d'Land huet misse verloossen.
Déi grouss Majoritéit - 29 Detenuen - ware also Prisonéier, déi hir Strof ofgesat haten an op hir Réckféierung gewaart hunn. Eng willkürlech administrativ Moossnam, déi weder ze rechtfäerdegen nach mënscherechtlech ze vertrieden ass!
D'Zweckméissegkeet gëtt net a Fro gestallt
Iwwregens bleiwen do och Leit agespaart, bei deenen et kloer ass, datt hiert Heemechtsland se net méi ophëlt. Si ginn no sechs Méint fräigelooss a wann se duerno ouni Pabeiere bei eis am Land erwëscht ginn, kënne se erëm do agespaart ginn. Eng Virgoensweis, déi sech ouni Enn widderhuele kann - wat och den Ombudsmann scho kritiséiert huet.
D'Fro iwwer d'Zweckméissegkeet vum Fräiheetsentzug gëtt zu Lëtzebuerg wéineg gestallt. Et ass keng politesch Prioritéit an di Betraffen hu keng Lobby. Mir halen eis do léiwer un de Motto " Aus den Augen, aus dem Sinn"!
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.