Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus de Feeler vu Belval léieren ?

Fräie Mikro

Aus de Feeler vu Belval léieren ?

D'Student:inne vum Architekturmaster op der Uni Lëtzebuerg schaffen op 20 Joer Urbanismus um Belval. An engem rezente Cours gouf e Bilan gezu mat Decideuren, Architekten, Urbanisten a Benotzer vum Site. A kee vun den Decideuren huet an den Table rondë Feeler zouginn. Fir d'Zukunft besser ze plangen, musse mer mat méi Humilitéit a Selbstkritik bereet si Feeler zouzeginn, mengt den Unisprofesser Denis Scuto am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

Den Denis Scuto ass Vizedirekter vum C2DH, Historiker, aktiv an der Associatioun fir Industriekultur. Foto: Archiv

Déi lescht Woch gouf am Architekturmaster vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch-Belval, ënner der Leedung vun de Professere Florian Hertweck a Markus Miessen iwwer Geschicht, Géigewaart an Zukunft vun deem Site geschwat.

Mat fréier Ministeren, mam Fonds Belval, mat Agora, also den Decideuren, mat den Architekten an Urbanisten, souwéi mat de Benotzer vum Site, déi do studéieren, enseignéieren, fuerschen, schaffen, liewen.

Wann een d'Decideuren héieren huet, huet ee misse staunen. Obwuel déi zwee aktuell zoustänneg Minister François Bausch Bausch a Claude Turmes reegelméisseg an der Press betounen, datt ee bei der Entwécklung vun den nächste Frichen - Stéchwuert zu Esch Quartier Metzeschmelz, Lentille Terre rouge a Crassier Terre rouge - d'Feeler, déi déi lescht 20 Joer zu Belval gemaach goufen, net dierft widderhuelen, hunn all d'Decideuren unisono an den Tables rondë beim beschte Wëlle kee Fehler fonnt.

Et feelt u Selbstkritik an Humilitéit

Dat ass schonns ee vun den Haaptgrënn vun deem, wat zu Belval schif gaangen ass (nieft deem, wat gutt gelaf ass, däers gouf a gëtt et natierlech och): E flagrante Mangel u Selbstkritik an Humilitéit.

Ech hunn direkt u meng Erfarungen als Fussballspiller an der Jeunesse missen denken. D'Belvaler Decideure missten sech e Beispill huelen un deenen dräi Traineren (Jeannot Kremer, Alex Pecqueur, Jemp Barboni), mat deenen d'Jeunesse vun 1982 bis 2000 néng Mol Champion gouf a véier Mol d'Coupe gewonnen huet.

Déi Trainer haten Erfolleg, well se bereet ware Feeler anzegestoen an driwwer ze schwätzen, mat de Spiller a mam Comité. An et um Terrain zesummen ëmzebauen, et anescht ze maachen.

D'Versprieche goufen net agehalen

Bezeechnenderweis hu Minister, Fonds Belval an Agora net drun erënnert, wat mer alles zu Belval versprach kruten. Dat Selwecht, wat mer nees haut versprach kréien, zum Beispill zu Esch-Schëffleng an op Terre rouge: E Véierel, bei deem den ëffentlechen Transport an de Respekt vun Natur an Ëmweltschutz, an deem dem Mënsch seng Besoinen am Virdergrond géife stoen.

E Modal split vu 40/60 zum Beispill gouf virun 20 Joer versprach. D'Visioun vun enger Coulée verte, d'Héichiewen an enger grénger Oas, gouf 2004 vum Fonds Belval virgestallt.

An natierlech sollt och den industrielle Patrimoine net nëmme valoriséiert, mee zur Basis vum neie Belval ginn. Dat hat op jiddwer Fall de Masterplang vum hollännesche Büro Jo Coenen 2002 virgesinn.

Villes gouf net ëmgesat

Ëffentlechen Transport - Nohaltege Véierel - Respekt an Ëmnotzung vum Industriepatrimoine. 20 Joer méi spéit fiert all Dag eng Autoslawin duerch Belval. Vëlosweeër si weder um Buedem agezeechent, nach besteet iergend eng Signalisatioun vu Panneauen dozou.

Um ganzen Uniscampus besteet net eng Wiss, déi deen Numm verdéngt. Et gëtt fir déi Dausende Student:innen, fir d'Unisleit am grousse Ganzen, mee och fir all déi aner, déi zu Belval schaffen a wunnen, praktesch keng Méiglechkeet fir Sport an Erhuelung um Site: Stéchwuert Sportshal a Schwämm, déi 2013 sollte fäerdeg sinn, an déi nach ëmmer net gestëmmt ass.

Zentral Zeien aus der Industriegeschicht, déi vun de Masterplaner als "éléments à mettre en valeur " definéiert goufen, goufen entweder, wéi den Highway, ofgerappt oder ginn, wéi d'Fundament vum Héichuewen C, d'Gebléishal an déi zwee rout Kamäiner op Bielesser Territoire, nach ëmmer net ëmgenotzt.

Kooperatioun a Gemeinschaft

Dobäi kënnt, datt d'Student:innen an déi aner Benotzer:inne vum Site keng Raim hunn, déi se sech uneegne kënnen, déi se selwer gestalte kënnen. Konsumente si gefrot, Studenteliewen dogéint gëtt carrement verhënnert.

Eng éischt Konklusioun huet sech aus den Debaten d'lescht Woch erauskristalliséiert. Dat Wichtegst, fir aus Belval, mee och Metzeschmelz oder Terre rouge nohaltege Quartiere mat Liewensqualitéit ze maachen, ass de Prozess, wéi Entscheedunge getraff an ëmgesat ginn.

Nëmmen e Prozess, wou Kooperatioun, wou d'Bereetschaft Gemeinschaft ze schafen a wou abordabele Wunnraum am Mëttelpunkt stinn, féiert zu vivable Aarbechts- a Liewensraim. Let's talk about it and change Belval together!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.