Radioen

On air

Kultur um 5  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auere-Prozess: Geriicht soll Verfassungsfro stellen

Geriicht

Auere-Prozess: Geriicht soll Verfassungsfro stellen

De Flavio Becca kontestéiert d'Urteel aus éischter Instanz am Auere-Prozess: zwee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 250.000 Euro, wéinst Abus de biens sociaux - an: wéinst Blanchiment.

auto_stories

2 min

Foto: justice.lu (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


"Auto-blanchiment détention" ass eng Infraktioun, déi et esou am Fong just zu Lëtzebuerg géif ginn, seet d'Maître Lydie Lorang.

D'Affekotin vum Flavio Becca rëselt de Kapp a gëtt dann e Beispill vun engem Urteel: rezent wier zu Dikrech een, deen illegal e Bam gehaen huet, condamnéiert gi wéinst Blanchiment, well en d'Holz gehaen hätt.

E gouf also duebel bestrooft. Et ass, wéi wann een e Vëlo klaut an da selwer drop fiert. D'Klauen ass Vol, d'Fuere Blanchiment. Béides ass strofbar.

Eng duebel Bestrofung

Am Fall Becca gouf an éischter Instanz sanktionéiert, datt hien Aueren am Coffre fort leien hat, déi en net op déi Manéier hätt dierfe kafen, wéi en et gemaach huet. An déi duebel Bestrofung wier inakzeptabel, fënnt d'Lydie Lorang:

"Et ass sans aucune nécessité eng Restriktioun vum Droit de la défense. Et ass mäi Recht, net zweemol fir dat selwecht condamnéiert ze ginn."

Verstéisst et net souguer vläicht géint d'Verfassung? Déi Fro wëllt d'Affekotin vun der Cour Constitutionelle beäntwert kréien. Si huet dofir an der Sëtzung d'Geriicht gefrot, déi Question préjudicielle ze stellen - an eisem System ka jo nëmmen eng Geriichtsinstanz d'Verfassungsgeriicht aschalten.

Dat kéint déi ganz Saach natierlech nach eemol an d'Längt zéien, mee déi Fro misst awer gestallt ginn, seet d'Lydie Lorang, "well eng Condamnatioun wéinst Blanchiment ass net näischt":

"Probéiert emol e Kont opzemaachen, wann Dir eng Condamnation pour blanchiment hutt. An hien huet 400 Leit schaffen, do muss een oppassen, wat ee mécht."

D'Cour d'Appel huet also an dëser Affär méi ze kläre wéi just d'Fro, ob d'Urteel aus éischter Instanz - zwee Joer Prisong mat Sursis an 250.000 Euro Geldstrof - soll confirméiert ginn, wéi de Parquet dat freet, oder ob de Favio Becca op der ganzer Linn soll fräigesprach ginn, wéi deem seng Affekoten et gär hätten.

Si muss och decidéieren, ob virdrun nach d'Verfassungsgeriicht ageschalt gëtt, oder net.