Audit vum Fonds du Logement

D’Prozeduren an d’Organisatioun vum Fonds du Logement sinn ee "Gewurschtels", sou de Staatssekretär Marc Hansen bei der Presentatioun vun engem Audit. An de Conclusioune vum Audit heescht et ë.a., dass et keng kloer Prozedure ginn, fir d’Acquisitioun vun Terrainen, respektiv fir d’Selektioun vu Locatairen. Et misst een sech d’Fro stellen, firwat déi fréier politesch Responsabel net schonn éischter kontrolléiert hätten, wat beim Fong schif leeft, sou de Marc Hansen. D’lescht Joer hätt de Fong nëmmen 30 Logementer fir d'Locatioun fäerdeg gestallt, dat wier kloer ze wéineg:

 

Am Audit vun PricewaterhouseCoopers (dee 56.000 Euro kascht huet) gouf reng d’Organisatioun vum Fong analyséiert. Fir eng méi déif Analys, notamment vun de Finanze vum Fong, wäert d’Regierung wahrscheinlech ee weideren Audit an Optrag ginn. Et hätt een iwwerdeems decidéiert, fir d’Resultat vun dësem Audit un de Parquet virun ze schécken: Den Auditeur géif recommandéiere fir weider Enquêten am Beräich "Anti-fraude" ze maachen, sou de Marc Hansen, fir eventuell Dysfunktionnementer ze fannen. Et wier dem Parquet seng Missioun, fir esou een Hiwäis eventuell ze iwwerpréiwen.

D’Gesetz iwwer de Fonds du Logement soll elo reforméiert ginn, iwwer déi politesch Ausriichtung där Reform wollt de Marc Hansen awer nach keng Ausso maachen:

 

Personell Changementer gouf et schonn: De Fonds du Logement huet zënter Enn Mäerz mam Tania Fernandez eng nei Presidentin. Hire Virgänger, den Daniel Miltgen gouf vun der Logementsministesch Maggy Nagel revoquéiert, a wiesselt an de Conseil de la Concurrence.

De fréieren CSV-Logementsminister Marco Schank erënnert drun, datt hien opgrond vun engem Audit vun 2009 eng Reform vum Fonds du Logement ugestrieft hat:


en LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry, gesäit an deem Audit iwwert de Fonds du Logement, ähnlech Problemer ewéi déi di am Fall vun anere Verwaltungen opgedeckt goufen:

 

De Staatssektretär Marc Hansen huet nach präziséiert, dass de Parquet am Kader vun der Affär "Livingroom" virun 3 Wochen eng Enquête géint X lancéiert huet, dat wéint "Trafic d’influence" a "Prise d’interêt illegale". Wéi mir dat scho gemeld hunn, hat de Parquet am Februar eng Enquête préliminaire opgemaach wéinst enger Konventioun tëscht dem Fong an dem private Promoteur Livingroom, deen zu Leideleng baue wëll. De Fong krut vum Promoteur Terraine versprach. Als Géigeleeschtung sollt de President vum Fong Daniel Miltgen hëllefen datt d’Terraine séier an de Bauperimeter kommen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen