Radioen

On air

Tockcity  |  Arab Strap - Bliss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Audit proposéiert Adaptatiounen

Superdreckskëscht

Audit proposéiert Adaptatiounen

Et kéint ee punktuell Adaptatioune maachen, mee u sech wier alles an der Rei: dat ass, an engem Saz resuméiert, d'Conclusioun vum Audit iwwer d'Aktioun Superdreckskëscht, deen de Mëtteg fir d'éischt an der zoustänneger Chamberkommissioun an duerno virun Press virgestallt ginn ass.

auto_stories

2 min

Foto: sdk.lu

Lauschterenplay_arrow


D'Firma Oeko-Service Lëtzebuerg - den historesche Partner vum Staat bei der Aktioun, déi 1990 lancéiert gouf - hätt 2017 zu Recht den Zouschlag kritt, fir d'Superdreckskëscht weider zéng Joer ze bedreiwen. Si géif sech un alles halen, wat am Kontrakt ofgemaach wier.

Den Audit proposéiert eng Rei kleng Upassungen, déi d'Ëmweltministesch och opgräife wëllt. Eng dovun ass d'Reaktivatioun vun engem Comité d'accompagnement, deen de finanziellen a budgetäre Suivi vun der Aktioun soll maachen, an deen och a strategesche Iwwerleeunge vun der Superdreckskëscht mat abezu gëtt.

Direkter vun der Ëmweltverwaltung am Fokus

D'Superdreckskëscht war am Februar an d'Gespréich geroden, an der Suite vun engem Artikel op Reporter.lu, deen eng Rei Froen opgeworf hat. Dorënner och déi, ob et net eng ze vill grouss Proximitéit gouf tëscht dem Direkter vun der Ëmweltverwaltung Robert Schmit an engem vun de Bridder Walter, deenen OSL gehéiert.

De Verdacht, dass déi enk Relatioun problematesch gewiescht wier, gëtt am Audit awer net ënnermauert, wéi d'Ëmweltministesch de Mëtteg op der Pressekonferenz präziséiert huet. D'Carole Dieschbourg huet ënnerstrach, datt et keen Unhaltspunkt géif ginn, fir dem Robert Schmit e Virworf ze maachen.

Dem Robert Schmit hätt déi Diskussioun ellen zougesat, sou d'Ëmweltministesch: hien hätt iwwer de Summer, nach ier d'Resultater vum Audit do waren, seng Pensioun agereecht. Dat wier seng perséinech Entscheedung gewiescht an hätt näischt mam Audit ze dinn, huet d'Carole Dieschbourg preziséiert.

Ausschreiwung wier net op OSL zougeschnidden

D'Firma OSL hätt 2017 zu Recht den Zouschlag kritt fir d'Superdréckskëscht weider zéng Joer ze bedreiwen: et wier net richteg ze behaapten, dat wier just geschitt well d'Ausschreiwung ganz op si zougeschnidde gewierscht wier, esou d'Carole Dieschbourg:

"Och well se op zéng Joer geet hätt et jo duerchaus kënne sinn, datt ee sech constituéiert. Well op zéng Joer kanns de duerchaus, wann s de e Projet hues, dee gutt geet, an et war jo keng kleng Ausschreiwung, häss de schonn dat kënne rentabiliséieren."

Et hätt sech méi Leit kenne mellen, mee dat hätt awer "malheureusement" kee gemaach, esou d'Ëmweltministerin.

OSL géif sech och un alles halen, wat am Kontrakt ofgemaach wier, suwuel wat de Funktionnement ugeet, wéi och déi finanziell Aspekter.