Audit: ITM nach ëmmer schlecht organiséiert

D’Dokument, dat vun der Firma Ernst and Young erstallt gouf, läit eis vir: Den Aarbechtsministère huet den Audit am November 2014 an Optrag ginn, doropshin goufe 45 vun de ronn 110 Leit, déi bei der ITM schaffen, interviewt.  De Rapport gouf de 6. Mäerz finaliséiert. Zënter Januar huet d'ITM iwwregens mam Marco Boly en neien Direkter faisant fonction.

D'Analyse vum Michel Delage:

 

Bei der Lecture vun de ronn 30 Säite vum Audit, deen haaptsächlech op de Gespréicher mam Personal baséiert, entsteet den Androck, wéi wa bei der Gewerbeinspektioun net vill géif riicht lafen ouni den allgemenge gudde Wëlle vum Personal, der Eegeninitative vun eenzelne Mataarbechter an enger gudder Portioun Improvisatioun. Vill vun de Problemer bei der ITM hätte schonn di fënnef viregt Auditen opgedeckt, déi zënter enger Dose Joeren erstallt goufen. Léiere wieren awer keng gezu ginn, heescht et elo am Audit Nummer sechs.

D’Gewerbeinspektioun wier schlecht organiséiert wann iwwerhaapt, kee wéisst richteg firwat en zoustänneg ass, an un der Spëtzt stéing en Direkter, deen alles alleng wéilt decidéieren a maachen - bis hin zu Sekretariatsaarbechten. Fir de Management, seng eigentlech Aufgab, géif d’Zäit em da feelen, steet am Audit ze liesen. Datt d’Erneierungsstrategie vun der Verwaltung, déi am Mee d’lescht Joer presentéiert gouf, ëmgesat géif, dovun hätt d’Personal jiddefalls nach näischt matkritt. Intern Kommunikatioun schéngt et net vill ze ginn. Prozeduren, gereegelt Aarbechtsofleef och net.

All véierten ITM-Mataarbechter ass der Meenung, datt d’Schlësselposte vu Leit besat ginn, déi net genuch kompetent sinn. D’Aarbechtsklima gëtt als gutt ageschat, allerdéngs bestéing en allgemenge Malaise, d’Personal wier demotivéiert. Tëschent 2012 an 2014 wier den Absenteismus bannent der Verwaltung em 58 Prozent geklommen.

Dat alles huet da seng Auswierkungen op d’Arabescht um Terrain. D’Inspektere vun der ITM géifen d’Gesetz net all d’selwecht Interpretéieren. D’Méiglechkeet fir Gesetzesverstéiss ze bestrofen, déi den Inspekteren theoretesch zousteet, géif an der Praxis vun der Direktioun konzentréiert ginn. Bei Kontrollen um Terrain géif jiddefalls kee se eescht huelen, wieren do net sporadesch an de Betriber sougenannten "actions coups de poing". Präventiv géif d’ITM net vill kontrolléieren, haaptsächlech géif reagéiert ginn. An d’Zesummenaarbecht mam Parquet schéngt och net déi allerbescht ze sinn. Fir den Auditeur Ernst and Young sinn di zwou Prioritéiten elo d’Reform vum gesetzleche Kader vun der ITM an eng Re-Organisatioun vun der Gouvernance.

Reaktiounen
’Gesetz iwwer d’Gewerbeinspektioun muss nogebessert ginn an d’ITM muss sech intern nei organiséieren. Dat sinn deemno och d’Haaptconclusiounen, déi den Aarbechtsminister Nicolas Schmit aus engem Audit zitt, dee gëschter an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert gouf. Et wiere scho genug Audite gemaach ginn, mee vläit net ëmmer déi richteg Conclusiounen dorauser gezu ginn, sou de Nicolas Schmit:

 

Déi vum Minister annoncéiert Changementer bei der Gewerbeinspektioun goufen no der Sëtzung vu Majoritéit an Oppositioun  prinzipiell begréisst. De President vun der Chamberkommissioun "Travail et Emploi", den LSAP-Deputéierte Georges Engel:

 

Den Audit hätt gewisen, dass d’ITM vu Gesetz hir een “Tiger ouni Zänn” ass, an dass d’Direktioun hir Aarbecht net serieux gemaach hätt, sou de Serge Urbany vun déi Lénk:

 

Et misst een elo ofwaarden, ob d’Dysfunktionnementer effektiv wäerte behuewe ginn, sou den CSV-Deputéierte Marc Spautz. Een Timing fir d'Reformen hätt de Minister net genannt:

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Annonce: Recherche d'un chef de la programmation

    Gebai vum radio 100,7

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche 1 chef de la programmation (m/f) pour contrat à durée indéterminée et à temps plein.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen