Pandemie huet vill Problemer däitlech gemaach
Der ASTI no, wier virun allem wärend der Covid-Pandemie däitlech ginn, datt Leit ouni Pabeiere quasi ignoréiert ginn. Esou hätt et ganzer sechs Méint gedauert, bis och Leit ouni Openthaltsgeneemegung d'Recht haten, fir sech impfen ze loossen. Och d'Recht op gratis PCR-Tester krute si eréischt vill méi spéit.
Fir deene Leit ze hëllefen, hat d'ASTI Liewensmëttelbongen am Wäert vun 270.000 Euro verdeelt, 450 Leit hunn dovu profitéiert.
De Sergio Ferreira, Responsabel bei der ASTI fir politesch Aarbecht, seet, dëst géif weise wéi "invisibel" dës Populatioun ass, am alldeegleche Liewe mee och a Situatioune vu Gefor. Hei géif ee gesinn, wéi administrativ Situatiounen e reellen Impakt huet op d'Liewe vun Eenzelen an op eis Gesellschaft, esou nach de Sergio Ferreira.
Affer vu Virurteeler
Leit ouni Pabeiere sinn och nach ëmmer Affer vu Virurteeler, seet d'ASTI. Si géifen oft als illegal Migrante bezeechent ginn, an de Begrëff "ouni Pabeieren" hätt esouguer eng kriminell Konnotatioun.
Mee och den Discours iwwer d'Migratiounspolitik am allgemengen hätt mat Virurteeler ze kämpfen.
Esou wier et falsch ze mengen, datt Lëtzebuerg op eemol vu Migranten iwwerschwemmt géif ginn, wann een de betraffene Leit Openthaltsgeneemegungen gëtt, ënnersträicht den Evandro Cimetta, President vun der ASTI. Hie seet, et misst ee sech schummen, wann ee sou eppes géif fäerten. Esou Ängschten hätt ee scho bei der EU-Erweiderung no Osten gesinn, erkläert den Evandro Cimetta.
Fuerderunge fir d'Chamberwale
Fir déi kommend Chamberwale stellt d'ASTI konkret Fuerderungen un d'Politik: Si fuerderen eng Démarche de régularisation vun deene Leit, déi aktuall am Land sinn, an eng Upassung vum Immigratiounsgesetz.
Allerdéngs wier ee sech och bewosst, datt mat dësem Thema wuel kaum Walkampf bedriwwe géif ginn, esou den Evandro Cimetta - dofir géif et um néidege politesche Courage feelen.
Hie betount och, datt et ze bedauere wier, datt an engem Immigratiounsland ewéi Lëtzebuerg net genuch iwwer Immigratioun geschwat géif ginn.
Témoignage
D'Maria Stankovic an hir Famill hunn zu Lëtzebuerg laang missen op Hëllef waarden. 2012 si si aus dem Kosovo op Lëtzebuerg komm. Nodeem hinne keen Asyl accordéiert ginn ass, hate si tëschenzäitlech souguer keen Dag iwwer dem Kapp.
Och an der Schoul ass d'Maria wéinst hirer Situatioun op Schwieregkeete gestouss:
"Le problème que j'ai eu dans le lycée, c'était parce que je ne pouvais pas faire un apprentissage, à cause de titre du séjour. Je n'avais pas les papiers. Donc, j'ai fait mes études. Et après, quand j'ai dû faire un apprentissage, j'ai commencé pendant deux mois. Et la Chambre des Métiers a dû annuler mon contrat, à cause de ma situation."
Esou wéi der Maria an hirer Famill, geet et ville Leit hei zu Lëtzebuerg, genau Zuele sinn awer net bekannt.