Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boeckner - Lose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie Sue wëll, muss Flüchtlingen ophuelen

EU-Flüchtlingsspolitik

Wie Sue wëll, muss Flüchtlingen ophuelen

D'EU-Staaten hunn an der Migratiounspolitik versot, mengt de Lëtzebuerger Ausseminister. Dem Jean Asselborn no wier Solidaritéit bannent der Unioun ee Ganzt, dat een net kéint a Stécker schneiden. An Zukunft sollt nëmmen nach vun EU-Fonge profitéieren, wie solidaresch Flüchtlinge bei sech ophëlt.

auto_stories

2 min

Jean Asselborn

D'Ëmverdeele vun de Flüchtlinge bannent der Europäescher Unioun funktionéiert net, mengt de Lëtzebuerger Ausseminister. De Jean Asselborn gesäit d'Ursaach doranner, datt d'Decisiounen ëmmer nees de Staats- a Regierungscheffen iwwerlooss ginn. Et géif dann net no Léisunge gesicht ginn. "Mir hunn dem Conseil Européen 2009 ze vill Gewiicht ginn. An de Ministerréit sollt et awer trotzdem méi ëm Argumentatioun, wéi ëm Emotioun goen", sou de Jean Asselborn am 100,7-Interview.

Fir den däitschen SPD-Politiker Martin Schulz, dee fir seng Partei am September bei de Parlamentswahlen untrëtt, misst een déi europäesch Solidaritéit un d'Verdeele vun den EU-Fonge koppelen. Am Kloertext: Huelt Flüchtlingen op, dann eréischt kritt der Suen. Ee Message, dee sech virun allem u verschidden Ost-europäesch Memberstaate riicht. De Lëtzebuerger Diplomatie-Chef ass mam fréieren EU-Parlamentspresident averstanen.

"Net nëmme fir de Führerschäin gutt"

"Rechtsstaatlechkeet a Solidaritéit sinn zwee Elementer, déi an de Critèrë vu Kopenhagen festgehale sinn", seet de Jean Asselborn. Déi Critèrë sinn d'Viraussetzung fir iwwerhaapt an d'EU opgeholl ze ginn. "Déi sinn net nëmme fir de Führerschäin gutt, déi sinn och herno duerchzeliewen".

D'Solidaritéit wier - dem Ausseminister no - am Block ze gesinn. "Et ass jo net wéi eng Zoossiss, datt ee kéint schéin erofschneiden: dat do ass elo materiell, dat do ass politesch, dat do ass Verteidigungspolitik ... An iwwerall schneit ee sech eppes eraus".

D'EU steet den Ament net wéi ee Block do, wann et drëms geet, solidaresch Flüchtlingen opzehuelen. D'EU-Kommissioun huet géint dräi Memberstaaten eng Prozedur ageleet, wëll se sech net un de Verdeelungsschlëssel halen, deen ofgemaach war. Déi Tschechesch Republik, Ungarn a Polen hu Bréissel elo hire Point de vue schrëftlech matgedeelt. Et wier een am gaangen dës Bréiwer z'analyséieren, huet et e Méindeg vun der Bréisseler Kommissioun geheescht.