“Ass a Punkto Steierreform schonn alles gelaf?”
De CGFP-Generalsekretär Romain Wolff verdächtegt d'Regierung, sech schonn iwwert déi fir 2017 geplangte Steierreform eens ze sinn. Eigentlech sollt de Wirtschafts- a Sozialrot, an deem och d’Gewerkschafte vertruede sinn, seng Iwwerleeungen nach an d’Debatt afléisse loossen.
De Romain Wolff hätt sech iwwert ee rezente Radio-Optrëtt vum Finanzminister Pierre Gramegna (DP) gewonnert, “wou een da virdrun eigentlech vun der Steierreform guer nach näischt héieren huet, an datt deen dann do scho praktesch d’Eckwäerter vun esou enger Steierreform presentéiert”. An eiser Emissioun Invité vum Dag huet de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft op dësem Mëttwoch drun erënnert, datt de Wirtschafts- a Sozialrot nach säin Avis iwwert d’Steierreform misst finaliséieren. Duerno eréischt sollt d’Regierung hir Proposë virleeën, dat hätt een esou ausgemaach.
De CGFP-Gewerkschaftler fënnt, datt “hei e bëssen de Geck mam Conseil économique (et social) gemaach gëtt, an doduerch natierlech och mat de Sozialpartner”. Et “muss ee sech d’Fro stellen: ass alles scho gelaf?” Eigentlech sollt nach mat de Sozialpartner - Gewerkschaften a Patronat - verhandelt ginn.
Opgrond vun neie Wirtschaftsdaten op Spuermesure verzichten
De Romain Wolff mengt, datt et bei den direkte Steieren en “enormt Ongläichgewiicht” géif ginn tëschent de Stéit an de Betriber, op Käschte vun de Stéit. Des weidere misst de Steierbarême erofgesat ginn, deen zënter 2009 net méi ugepasst gi wier. D’CGFP wier zwar net géint eng individuell Besteierung. Allerdéngs misst op méiglech Verschlechterungen opgepasst ginn: am Fall wou ee vun de Partner aus der Koppel net méi schafft bestéing de Risiko, datt e vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1 rutscht.
Allgemeng misst, opgrond vun de méi optimistesche Wuesstemszuele vun der Wirtschaft, ëmgeduecht ginn. “An dat géif dann heeschen, datt op esou muenech Spuermesuren, wann net op s’alleguerten elo misst awer verzicht ginn”, sou de Romain Wolff. Zum Beispill kéint d’Steier vu 0,5 Prozent, mat där de Staatsbudget soll an d’Gläichgewiicht bruecht ginn, ee Joer éischter wéi geplangt, also schonn d’nächst d’Joer, ofgeschaaft ginn.
Audio
De Romain Wolff am Gespréich mam Mick Entringer:
