ArcelorMittal vs Staat: Europäesche Geriichtshaff ass saiséiert

De Sträit ëm d’CO2-Zertifikater vun der ArcelorMittal Rodange-Schëffleng geet elo virun den Europäesche Geriichtshaff. D’lëtzebuerger Verfassungsgeriicht huet déi europäesch Instanz saiséiert an eng Question préjudicielle gestallt. Den EUGH soll d'Fro tranchéieren, ob de Staat eng Restitutioun vun Zertifikater ka fuerderen, an ob dat géint de Prinzip vum Propriétéitsrecht verstéisst. De Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira seet hie wier net iwwerrascht iwwer dës Entwécklung. Dëse Prozess kéint dozou féieren, datt Schwaachpunkten am europäeschen Emissiounshandel-System, opgedeckt ginn.

Nodeems ArcelorMittal d’Produktioun zu Schëffleng Enn 2011 bis op Weideres gestoppt huet, hat den deemolegen CSV-Ëmweltminister Marco Schank gefuerdert, datt de Stolproduzent ronn 80.000 CO2-Zertifikater zréck gëtt. ArcelorMittal hat doropshin ee Recours um Verwaltungsgeriicht gemaach.

Zur neister Entwécklung am Dossier ee Bäitrag vum Carole Schimmer :

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen