Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dirty Projectors - Overlord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ArcelorMittal: Accord fir Restrukturatioun ënnerschriwwen

Industrie

ArcelorMittal: Accord fir Restrukturatioun ënnerschriwwen

Bei ArcelorMittal ginn zu Lëtzebuerg 536 Aarbechtsplazen ofgebaut: d'Direktioun an d'Gewerkschaften hunn de Moien um Kierchbierg den definitiven Accord fir d'Restrukturatioun ënnerschriwwen, déi am September d'lescht Joer ugekënnegt gi war.

auto_stories

2 min

De plan d'avenir sidérurgique "Lux 2025" gesäit vir, datt keng Mataarbechter sollen entlooss ginn. 342 Mataarbechter ginn an d'Pensioun oder an d'Préretraiten, gouf de Méindeg Moien ugekënnegt. Maximal 280 Mataarbechter sollen an eng nei Cellule de Reclassement kommen.

Als Géigepartie soll ArcelorMittal bis 2025 op d'mannst 165 Milliounen Euro hei am Land investéieren. Kee Produktiounssite soll zougemaach ginn an de Siège vum Grupp soll zu Lëtzebuerg bleiwen.

Wéinst der Fro vum Siège ass haut nach e Gespréich tëschent dem Premier an dem Lakshmi Mittal, dem President vum Stolkonzern.

De Grupp hätt d'Absicht de Sëtz hei zu Lëtzebuerg ze behalen, esou den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, Roland Bastian:

"Et muss een ebe just elo wëssen, dass déi Restrukturatioun, vun där mer elo geschwat hunn, déi betrëfft jo och den administrative Beräich. Sou datt d'Plaz, déi mer am Siège an Zukunft wäerte brauchen, net méi déi ass, déi mer nach virun där Restrukturatioun haten. Do mussen elo verschidde Saachen nei definéiert ginn, wéi een dat Gebai ka sënnvoll occupéieren."

An dat geplangte Gebai fir den ArcelorMittal-Siège soll nieft dem Konferenzzenter op der Avenue J.F. Kennedy um Kierchbierg gebaut ginn. Eigentlech war geplangt, datt eng 800 Beschäftegter vum Stolkonzern am neie Gebai hätte solle schaffen.

Den LCGB bedauert, datt de Stolproduzent 2025 manner wéi 3.000 Leit hei am Land wäert beschäftegen.

Bei der Signature vum Accord dobäi déi dräi Ministeren Dan Kersch, Franz Fayot a Pierre Gramegna.