Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Applaus fir d'Proffen

Fräie Mikro

Applaus fir d'Proffen

Haut ass den éischte Schouldag - d'Primärschoulschüler starten an dat neit Schouljoer, déi nächst Deeg kommen d'Lycéesschüler no. Am Zentrum vun der Rentrée steet dëst Kéier de Bien-être vun deene Jonken, dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch lescht Woch versprach. Si hätten immens ënner dem Lockdown gelidden a missten elo extra gutt encadréiert ginn. Mee och fir d'Enseignantë sinn dës Covid-Zäiten eng enorm Erausfuerderung, fir déi si en Applaus verdéngt hunn, mengt d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

4 min

D'Jidith Reicherzer ass Medienexpertin am Lycée Aline Mayrisch. Foto: Archiv

Fir eise Schoulsystem ass d'Pandemie déi Chance vum Joerhonnert, hu Bildungswëssenschaftler dëse Summer behaapt. Wéinst Covid-19 hunn d'Enseignanten endlech hir al Gewunnechte missen opginn: dat traditionellt Schoulhalen, den ineffikasse Frontalcours. Elo ass bal all Proff op der Wollek.

Nei Methoden, eng modern Organisatioun an d'iPads si par force am Terrain ukomm. De Ministère propagéiert eng Hellewull vun neier Léier-Software, d'Schüler schaffen am Teams an d'Elteren iergere sech, wa si nach almoudesch Aarbechtsblieder doheem musse printen.

Enseignanten hunn alles ginn

Déi meescht Enseignanten hu sech séier ëmgestallt - ouni haart ze jäizen. Vun haut op muer hu si hire Course komplett nei opgebaut. Si hu sech mat Tutorials den Ëmgang mat der neier Software bäibruecht a bei de Videokonferenze mat der Klass hu si d'Schei virun der Kamera verluer.

Mee domadder war et nach laang net gedoen. Vill Enseignanten hunn och pedagogesch a psychologesch alles ginn. Si hunn erlieft, wéi hir Schülerinnen a Schüler gelidden hunn, ënner schwierege familiäre Situatiounen, ënner der Isolatioun, ënner der Langweil doheem. Si hu misse mat Computerspiller an Netflix konkurréieren, a si hunn d'Schüler motivéiert sech de Wecker ze stellen, sech och mol ze beweegen, sech net opzeginn.

Wéi frou war déi Kolleegin, déi no zeg Telefonater e Schüler dozou bruecht hat, sech erëm am Cours ze bedeelegen. Wéi houfereg waren déi Direktiounen, déi op hir Ekipp ziele konnten. An dee Proff, dee matten an der Chimio hire Cours vun doheem aus wieder geréiert huet, ass net just bei hire Schüler e Superhero ginn.

D'Pandemie ass nach ëmmer do

Den Engagement huet allerdéngs en héije Präis: Däitsch Schoulpsychologen hunn Ufank September gewarnt, si hätten nach ni virdrun gesinn, datt Enseignanten a Direkteren esou ugespaant an d'Vakanz gaange wieren: "Viele konnten gar nicht runterfahren".

Elo ass d'Vakanz eriwwer an de Covid-Risk schwieft wéi e grousst Damoklesschwäert iwwer all Schoulgebai. Quarantän vun eenzele Schüler, vu Klassen, vu Proffen wäert erëm Normalitéit sinn. Hybrid-Lernen, de Wiessel tëschent Klassenzëmmer an digitaler Schoul bleift eis erhalen.

Et ass Pandemie. D'Virologen hunn all Dag nei Erkenntnisser iwwer de Virus. D'Reegelen, déi d'Schoulen haut aus dem Ministère kréien, ginn dowéinst muer geännert a sinn iwwermuer schonn iwwerholl.

Eng Herkulesaarbecht

E Zickzack-Cours, mat deem all Mënsch dës Méint muss eens ginn. Entrepreneuren a Spekulante sinn de Risk gewinnt, si schaffen domadder. Enseignanten awer hunn éischter en Hang zum Perfektionismus. A si siche Sécherheet, och fir hire Schüler Sécherheet kënnen ze ginn.

Déi Diskussiounen iwwer Schoul a Corona-Zäiten si vläicht och dowéinst fokusséiert op den Aspekt Sécherheet, et geet virun allem ëm Maskeflicht an Ofstandsreegelen, ëm Lëften a versetzte Pausen. Vertrieder vun de Enseignanten an Eltere schwätzen iwwer Hygiènesmesuren. Iwwer déi pedagogesch Herkulesaarbecht, déi d'Enseignanten aktuell leeschten, schwätzt keen.

Haut gëtt et erëm lass. D'Enseignantë wäerte Schoul halen, live oder digital a weiderhi vill telefonéieren, tréischten, motivéieren. Fir datt kee verluer geet um Wee duerch d'Pandemie. Eng enorm Leeschtung. Et ass elo Zäit mol net op d'Enseignanten ze klappen. Et ass Zäit fir si ze klappen. Si hunn en décken Applaus verdéngt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.