Radioen

On air

Notturno  |  Oddisee - Hard To Tell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Antisemittesch Virfäll an Däitschland

Däitschland

Antisemittesch Virfäll an Däitschland

De Konflikt tëschent Israel a Palästina suergt och an Däitschland fir Tensiounen. An de leschten Deeg koum et a villen däitsche Stied net nëmmen zu Demonstratioune géint déi israelesch Politik, mee och zu antisemittesche Virfäll. Déi däitsch Politik wéist sech besuergt.

auto_stories

3 min

"Mir gesinn nees Saache vun deene mer eis net virstellen konnten, se nach eemol ze erliewen", seet den Abraham Lehrer, Vizepresident vum Zentralrat der Juden an Däitschland. Gemengt si verschidde Virfäll, déi sech an de leschten Deeg am Land ofgespillt hunn. Leschten Dënschdeg gouf zum Beispill eng Synagoge zu Bonn mat Steng beschiedegt, zu Münster a Solingen goufen israelesch Fändele verbrannt. Um Mëttwochowend haten 180 Persounen zu Gelsenkirchen virun enger Synagoge géint d'israelesch Attacken protestéiert an hei koum et der Police no zu kloer antisemitteschen Äusserungen. Och an anere Stied goufen antisemittesch Virfäll gemellt. Den Abraham Lehrer seet dat hätt näischt mat Israel-Kritik ze dinn, mee et wier pueren Antisemitismus. Den däitsche Staat an d'Gesellschaft missten dofir elo Faarf bekennen.

De Bundespräsident Frank-Walter Steinmeier mëscht dann och genee dat haut an der "Bild Zeitung". An engem Bäitrag seet hien, datt d'Grondgesetz zwar d'Recht op Meenungs- an Demonstratiounsfräiheet garantéiert, wien awer op de Stroossen Fändele mam Davidsstäer géif verbrennen an antisemittesch Äusserunge brëllen, géif net nëmmen d'Demonstratiounsfräiheet mëssbrauchen, mee sech och enger Strofdot schëlleg maachen, déi poursuivéiert muss ginn, sou de Bundespräsident. Juddenhaass - egal vu wiem - wéilt a géif een an Däitschland net dulden. Dem Staat Israel hat de Steinmeier seng onageschränkt Solidaritéit zougesot.

Méi Policeschutz fir jiddesch Ariichtungen

Den Antisemitismusbeoptraagte vun der Bundesregierung, den Felix Klein, erwaart iwwerdeems, datt den Konflikt tëschent Israel a Palestina zu weideren antisemitteschen Aktiounen an Däitschland wäert féieren. "Et ass leider e klassescht Muster, Judden an Däitschland dofir verantwortlech ze maachen, wat d'israelesch Regierung mécht - eng Regierung op där hier Aktioune si jo Kee Afloss hunn", sot hien dem "Redaktionsnetzwerk Deutschland". Dofir bréichten d'jiddesch Ariichtungen an Däitschland elo dringend méi Policeschutz. Den Armin Laschet, Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen an Kanzlerkandidat vun der Unioun, hat dat no de Virfäll an sengem Bundesland ëmgesat an betount, datt Antisemitismus an Däitschland keng Platz dierf hunn.

An de leschte Jore sinn antisemittesch Virfäll awer leider ëmmer méi heefeg ginn. Engem Rapport iwwert politesch motivéiert Kriminalitéit no, sinn antisemittesch Strofdoten am leschte Joer ëm 15,7 Prozent erop gaangen. Dës Attacke wieren awer quasi alleguer rietsextrem motivéiert gewiescht. Trotzdeem fäert d'Politik datt et nach zu weidere Virfäll kéint kommen, well an den nächsten Deeg op ville Platzen propalestinensech Demonstratiounen geplangt sinn. Elleng zu Berlin sinn fir dëse Weekend dräi Manifestatioune ugekënnegt.

Den däitschen Ausseminister Heiko Maas huet iwwerdeems d'Hamas wéinst hirem - Zitat - Rakeitenterror géint Israel schaarf kritiséiert a vun enger bewosster Eskalatioun geschwat. Am Interview mat der "Saarbrücker Zeitung" sot hien, béid Parteien missten sech elo nees schnell un de Verhandlungsdësch setzen.