Radioen

On air

Kultur um 5  |  "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng graduell Transitioun

Fongenindustrie

Eng graduell Transitioun

D'Vize-Generaldirektesch vun der Fongenassociatioun ALFI mengt net, dass Investitiounen a fossil Energien riskéieren wéinst der internationaler Klimapolitik Affer vun enger Spekulatiounsblos ze ginn. D'Finanzmäert géife sech lues a lues op klimafrëndlech Investitiounen ëmstellen, sou d'Anouk Agnes am Interview mam Mick Entringer.

Pia Oppel

auto_stories

2 min

D'Äerderwäermung soll op manner wéi zwee Grad Celsius limitéiert ginn, dozou hate sech am Dezember op der Weltklimakonferenz 195 Staaten engagéiert. Wann dat Zil effektiv respektéiert gëtt, dierft ee groussen Deel vun de fossillen Energiequellen net exploitéiert ginn. Rieds geet vun enger "Carbon Bubble", also enger Kuelestoffblos. Déi Blos kéint nämlech platzen, wann Investissementer a Kuel, Pëtrol a Gas op eemol staark u Wäert verléieren.

Klimaschutz: Kee Risiko, mee eng Opportunitéit

Déi Lëtzebuerger Fongenindustrie erhieft bis ewell keng Informatiounen doriwwer, wéi staark eenzel Investissementer un d'Exploitatioun vu fossiler Energie geknäppt sinn. Sech eng Strategie ze ginn, fir aus de fossilen Energien eraus ze klammen, hält d'Anouk Agnes och net fir néideg. D'Transitioun op de Finanzmäert wier am Gaang: "Ëmmer méi Finanzacteuren engagéiere sech, vu fossilen Energien ewech ze kommen. Si maachen dat awer relativ geuerdent, sou dass et net zu där Explosioun vun der 'bubble' kënnt. Et ass méi eng graduell Approche."

D'Anouk Agnes gesäit de Klimaschutz éischter als eng Opportunitéit. D’Ziler vun der Weltklimakonferenz an de Klimaschutz an den eenzelne Länner géingen nei Investitiounsméiglechkeete fir d’Fongenindustrie bidden. Mat genau där Fro géif sech aktuell en informellen Aarbechtsgrupp ënnert Leedung vun der Regierung beschäftegen. Et soll gekuckt ginn, wéi een d'Finanzplaz méi nohalteg a sozial responsabel kann ausriichten.