Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Annulatioun vum Berliner Mietendeckel

Däitschland

Annulatioun vum Berliner Mietendeckel

Gëschter huet dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht de sougenannte Berliner "Mietendeckel" gekippt an domadder fir vill Diskussioun a Frustratioun gesuergt. An der däitscher Haaptstad fäerten elo vill Locatairen ëm hir Wunneng a fuerderen, datt d'Bundesregierung elo agräift. D'Enn vum Berliner Mietendeckel kéint den Ufank fir eng bundeswäit Mesure sinn.

auto_stories

3 min

Et hat sech iergendwéi ugedeit, op d'mannst vun engem juristesche Point de vue: de Berliner Mietendeckel ass annuléiert. Zu dëser Decisioun koum d'Bundesverfassungsgeriicht gëschter, nodeems d'Berliner CDU an FDP Fraktiounen eng Iwwerpréiwung vum Gesetz gefuerdert haten.

De Mietendeckel war e revolutionäert Gesetz vun der rout-rout-grénger Berliner Regierung, fir d'Loyeren an der Haaptstad ze plafonéieren a fir fënnef Joer op den Niveau vum Juni 2019 anzefréieren. 1,5 Milliounen Wunnengen waren dovun betraff. Fir d'Bundesverfassungsgeriicht hat d'Landesregierung mat dëser Mesure awer hiren Kompetenzberäich iwwerschratt. Eenzeg d'Bundesregierung dierft d'Mietpreisrecht reguléieren, heescht et am Urteel.

Loyeren afréieren

Et ass e battere Réckschlag fir d'Berliner Locatairen, déi sech vum Mietendeckel méi bezuelbare Wunnraum an hirer Staat versprach haten, wou d'Loyere sech an de leschten zéng Joer glat verduebelt hunn. De Mietendeckel sollt dës Entwécklung net nëmme bremsen, mee och e Stéck wäit réckgängeg maachen.

Am Gesetz goufe Grenzwäerter fir d'Loyere festgehalen, déi net iwwerschratt dierfte ginn. Dës plafonéiert Loyere waren am November zejoert agefouert ginn. De Berliner Senat hat deemools alle betraffene Locatairen dozou geroden, déi gespuerten Differenz op d'Säit ze leen, fir de Fall, datt de Mietendeckel nach gekippt gëtt.

Genee dat ass elo agetrueden an d'Proprietären dierfen dës Suen zeréckfuerderen a kéinten souguer d'Locatairen virun d'Dier setzen, wann dëst net schnell genuch bezuelen. Grad elo an der Pandemie, wou vill Léit manner verdéngen a keng Récklagen hunn.

Engem Sondage no hu manner wéi d'Hallschent vun de Stéit de gespuerte Loyer op d'Säit geluecht. Och wann elo schonn Immobiliëgesellschaften wéi d'Deutsche Wohnen signaliséieren, datt se kee virun d'Dier setzen an kulant wëlle bléiwen, ass den Ierger bei de Locatairen grouss. Gëschter haten geschätzt 15.000 Léit zu Berlin géint d'Urteel vum Bundesverfassungsgeriicht protestéiert.

Wien ass zoustänneg?

Den däitsche Mieterbund fuerdert elo, datt d'Bundesregierung sech aschalt an déi bestoend landeswäit Mietpreisbremse verschäerft a konsequent duerchsetzt. Och d'SPD ënnerstëtzt e bundeswäite "Mietenstopp" an positionéiert sech sou scho mol fir d'Bundestagswal am September. Well d'Urteel vu gëschter dierft am Walkampf sécher nach eemol optauchen.

D'Annulatioun vum Mietendeckel war eben keng Grondsazdecisioun iwwer d'Mesure, mee eng Fro vun Zoustännegkeet. D'Urteel huet villméi verdäitlecht, datt d'Bundesregierung hei net nëmmen d'Exklusivrecht huet fir ze reguléieren, mee och an der Flicht steet.

De Berliner Bausenator Sebastien Scheel sot gëschter, de Staat misst elo entweder selwer aktiv ginn, oder de Bundeslänner dës Kompetenz iwwerdroen. Well de Präisdrock um Wunnengsmaart bréngt och an aneren däitsche Stied a Regiounen de soziale Fridden a Gefor. De Berliner Mietendeckel ass zwar bis op Weideres passé, mee de Problem dohannert ass nach laang net vum Dësch.