Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ännerunge bei Isolement a Quarantän

Covid-19-Gesetz

Ännerunge bei Isolement a Quarantän

Persounen, déi positiv op de Coronavirus getest ginn, sollen an Zukunft nëmmen nach fir zéng Deeg isoléiert ginn, ouni Renouvellement vum Isolement. Persounen ënner Quarantän sollen eréischt vum sechsten Dag no hirem Kontakt mat engem Infizéierte getest ginn.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Déi geplangte Changementer huet de Regierungsrot haut guttgeheescht: si sollen en Dënschdeg an der Chamber gestëmmt ginn, an dat am Kader vun der geplangter Verlängerung an Upassung vun de Corona-Mesurë bis d'Enn vum Joer.

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert hat gëschter an der Gesondheetskommissioun an der Chamber ugekënnegt, datt d'Regierung op Basis vun de leschten Analysen an Etüde wéilt decidéieren, ob et Ännerunge bei der Quarantän an dem Isolement ginn.

Zwou Ännerungen

Haut huet d'Regierung zwou Ännerunge guttgeheescht.

  • Den Zäitraum vum Isolement vun infizéierte Persoune soll vu 14 op zéng Deeg reduzéiert ginn: dat op Basis vun den aktuelle Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun, wéi d'Regierung an engem Communiqué schreift.
  • Bei Persounen, déi een héije Risiko vun enger Infektioun hunn an ënner Quarantän stinn, soll an Zukunft eréischt nom sechsten Dag een Test gemaach ginn, an net wéi de Moment nom fënneften Dag nom leschte Kontakt mat enger infizéierter Persoun. Op Basis vu rezente wëssenschaftlechen Etüde wier dat recommandéiert, esou d'Regierung.

Mat de proposéierte Changementer a Form vu Regierungsamendementer wäerte sech elo de Staatsrot an d'Gesondheetskommissioun an der Chamber beschäftegen.