Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Loyle Carner - Nobody Knows (Ladas Road) [Clean Edit]

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ André Heinen ass neien UGDA-President

Veräinsliewen

André Heinen ass neien UGDA-President

Um Sonndeg war den 160. Kongress vun der Union Grand-Duc Adolphe, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Orchesteren, Chéier an Theaterveräiner. Op der Dagesuerdnung stoung e Presidentewiessel.

auto_stories

1 min

Den UGDA-Kongress war genee wéi d'lescht Joer am Stater Conservatoire. Foto: Facebook / UGDA (Archiv)

De ganzen Interview mam André Heinen lauschterenplay_arrow


De Gilbert Girsch stoung fir kee weidert Mandat zur Verfügung. Eenzege Kandidat fir seng Successioun unzetrieden war den André Heinen. Hie gouf vum Kongress och confirméiert.

Déi lescht Jore ware schwéier fir d'UGDA

D'UGDA kuckt op e puer schwiereg Joren zeréck: De Kultursecteur huet staark ënner de sanitäre Moossname wärend der Corona-Pandemie gelidden.

Et wier een antëscht driwwer ewech, mee eng Rei Veräiner wieren op der Streck bliwwen, bedauert den André Heinen haut am 100komma7-Interview. Virun allem d'Chéier hätte gelidden, där hir Membere meeschtendeels méi al sinn.

Generell feelt et de Veräiner un neie Memberen, besonnesch u Jonken. Iwwert d'Gratuitéit vun de Musekscoursen hätt een zwar 10 Prozent méi Schüler bäikritt, sou den André Heinen, déi géifen awer net forcement och engem Veräin bäitrieden. De Rekrutement vun neie Membere wier dofir fir déi nächst 3 Joer och d'Haaptprioritéit vun der UGDA.