Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Animal Kingdom Chaotic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amnesty International geheit Russland Krichsverbrieche vir

Asaz vu Streebommen

Amnesty International geheit Russland Krichsverbrieche vir

D'Mënschrechtsorganisatioun Amnesty International gehäit Russland weider Krichsverbrieche vir, dat wéinst dem Asaz vun illegale Streebommen. An der Regioun ronderëm d'Stad Charkiw wiere Kanner op Spillplazen a Leit beim Akafen duerch russesch Streebommen ëm d'Liewe komm, dat géife Recherchë vun Amnesty weisen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


"Anyone can die at any Time", jidderee kann zu all Moment stierwen, sou ass de Rapport iwwerschriwwen, deen Amnesty publizéiert huet, an dee sech op d'Stad Charkiw konzentréiert, an där offiziell 1,5 Millioune Mënschen hire Wunnsëtz hunn. De 15. Abrëll ass Streemunitioun do an den Asaz komm an Amnesty huet detailléiert Informatiounen zum Oflaf.

Ronderëm de Quartier industriel sinn op mannst néng Mënschen ëm d'Liewe komm an der 35 blesséiert ginn, dorënner Kanner. Dokteren aus engem Spidol hunn Amnesty-Vetrieder Metalldeeler gewisen, déi se de Betraffenen erausoperéiert hunn, dorënner där vu gängege Streewaffen-Typpen.

Eng 53 järeg Infirmière, d'Tetyana, ass eng vun den Aenzeien, déi Amnesty hiren Temoignage vun deem Dag matgedeelt hunn, wéi am Rapport ze liesen ass.

"Tetiana Ahaeva, une infirmière de 53 ans, se trouvait à l'entrée de son immeuble lorsque plusieures bombes à sous-munitions ont explosé. Elle a déclaré à Amnesty International : " Il y a eu un bruit soudain de pétards partout, beaucoup, partout. J'ai vu des nuages de fumée noire à l'endroit de l'explosion. Nous nous sommes jetés au sol et nous avons essayé de nous mettre à l'abri. Le fils de notre voisin, Artem Chevtchenko, 16 ans, a été tué sur le coup. Son père a eu la hanche brisée et a reçu un éclat d'obus dans la jambe. Il est difficile de dire combien de temps les explosions ont duré, une minute peut sembler infiniment longue."

Traumatesch Erliefnisser

Am Nomëtteg sinn nieft enger Spillplaz Streebomme erofgaangen. Ee Moment, wou vill Famille mat Kanner sech do opgehalen hunn. Betraffener déi dobäi waren ziele vu Kanner déi hir Eltere gesinn hu stierwen. Déi selwecht Situatioun: virun engem Buttek fir Déierefudder, eng Verkeeferin huet temoignéiert.

"Un homme a été tué juste devant le magasin. Il fumait dehors pendant que son épouse achetait de la nourriture pour animaux... Des éclats d'obus en métal ont traversé la vitre avant, passant au-dessus de ma tête alors que j'étais derrière le comptoir. Puis, il y a eu plusieures autres explosions. C'était la panique la plus totale. Le magasin était plein de gens. Nous avons couru vers la réserve à l'arrière du magasin pour nous protéger. C'était très effrayant... J'ai cru que j'allais mourir."

D'Chercheure vun Amnetsy hunn 41 Frappe vun de russescher Arméi analyséiert, bei deenen am Ganzen 62 Leit gestuerwen an der 196 blesséiert gi sinn. Si hu 14 Deeg laang, am Abrëll am Mee, mat Betraffenen, Aenzeien, an hire Famille geschwat. An der Conclusioun geet vu blannen Attacke rieds an et gëtt rappelléiert, datt den Asaz vu Streebomme verbueden ass, an déi Responsabel dofir zur Rechenschaft misste gezu ginn.