Radioen

On air

De Weekend  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD: Gesondheetsministesch hätt hir Credibilitéit verluer

Communiqué vun der Doktesch-Associatioun

AMMD: Gesondheetsministesch hätt hir Credibilitéit verluer

D'Diskussioun ëm déi radiologesch Privatpraxis zu Gréiwemaacher gëtt ëmmer méi gëfteg: d'Paulette Lenert hätt hir politesch Credibilitéit verluer, schreift d'AMMD de Moien an engem ganz schaarfe Communiqué. De Maurice Molitor huet mam President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren geschwat.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi juristesch Argumentatioun vun der Gesondheetsministesch wier "farfelue": Ze soen, de Betrib vum IRM um Potaschbierg wier illegal, ass ganz einfach falsch, seet d'AMMD.

Mee net just dowéinst hätt d'Paulette Lenert hir Glafwierdegkeet verluer: am Communiqué vun der Doktesch-Associatioun geet och nach rieds vun "onerlaabtem Drock", vun "Intimidatioun" esouguer, deen si op de Centre médical Potaschbierg gemaach hätt. Doriwwer eraus hätt d'Ministesch d'Acteuren aus dem Secteur an déi ganz Ëffentlechkeet getäuscht. Haart Virwërf, déi den Dokter Alain Schmit, de President vun der AMMD esou begrënnt:

"Wat dem Faass de Buedem ausgeschloen huet, dat ass dat wat d'Gesondheetsministesch e Freideg den Owend op RTL Tëlee gesot huet, wou si gesot huet: 'D'Acteuren hunn sech zesummegesat an hunn en Accord zesummen ënnerschriwwen. An ech si ganz frou kënnen haut matzedeelen, datt och haut am Nomëtteg effektiv eng Demande aus dem CHL bei mir eragaangen ass, fir dësen Zentrum ze iwwerhuelen.' Fakt ass, datt et deen Accord net gëtt. An do ass natierlech de Public iergefouert ginn."

Stellungnam vun der Paulette Lenert gëtt nogereecht

Dass et keen Accord géif ginn, hat jo och de Centre médical Potaschbierg scho gëschter Owend an enger kuerzer Matdeelung op sengem Site behaapt. D'Gesondheetsministesch war de Moien a Reunioune mat de Sozialpartner, an dofir fir eng Stellungnam net ze erreechen. Déi soll awer am Nomëtteg nogereecht ginn.

An och de CHL huet bis elo kuerz viru Mëtteg net op d'Froe geäntwert, ob et en Accord vum CHL mam Potaschbierg an eng Demande vum CHL beim Ministère gëtt, fir de Centre médical Potaschbierg ze iwwerhuelen... ob et déi zwou Saache ginn?

Dofir steet d'Versioun vun der AMMD am Moment emol nach onkommentéiert an onwiddersprach am Raum:

"Datt d'Ministesch higeet, an d'Onwourecht seet, dat ass en No go, dat hu mer nach ni esou erlieft. Dat gëtt et einfach net, dat kann ee sech net als Minister erlaben. D'Kapital vun der Politik ass awer d'Glafwierdegkeet - an déi ass bei eis wierklech zerstéiert."