Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amazon muss Lëtzebuerg keng Steieren zeréckbezuelen

Tax Rulings

Amazon muss Lëtzebuerg keng Steieren zeréckbezuelen

Lëtzebuerg huet Amazon keng illegal Staats-Bäihëllef a Form vu Steier-Avantagen accordéiert. Dat seet een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff. D'Riichter zu Lëtzebuerg hunn domat eng Decisioun vun der Europäescher Kommissioun annuléiert, déi sot, Amazon misst dem Grand-Duché fir d'Joren 2006 bis 2014 250 Milliounen Euro Steieren zeréckbezuelen

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Am Fall vum Energie-Konzern "Engie" krut Lëtzebuerg allerdéngs net Recht, hei geet et ëm 120 Millioune Euro.

D'Regierung wëll dat Urteel méi genee ënner d'Luppe huelen an huet d'Decisioun iwwer de Fall vun Amazon begréisst.

Lëtzebuerg verzicht op 250 Milliounen Euro Steiersuen

Am Kloertext: Lëtzebuerg begréisst d'Urteel an domat och de Faite, datt de Staat déi 250 Milliounen Euro Steieren net vun Amazon zeréckverlaange muss an also op déi Steiersue verzicht.

Den Tax Ruling hätt et Amazon tëscht 2006 an 2014 erméiglecht, Profitter vun enger Entreprise bei déi aner ze transferéieren - dat hat 2017 d'EU-Kommissärin fir d'Kompetitivitéit gesot. Amazon hätt op dräi Véierel vun de Profitter keng Steiere bezuelt, esou d'Margreth Vestager deemools.

De Riichter zu Lëtzebuerg no konnt d'Kommissioun hir Argumentatioun awer net beweisen.

Anescht am Fall vun Engie - hei goung et ëm Tax Rulingen tëscht 2008 an 2014. Der Kommissioun no goufe mat der Hëllef vu sou genannte convertible Prête verschidde Beneficer ni versteiert. D'Riichter vum Europäesche Geriichtshaff confirméieren, datt Engie selektiv bevirdeelegt gouf, andeems d'Dispositioun par rapport zu engem Mëssbrauch vum Lëtzebuerger Steiersystem net applizéiert gouf.

Dem Urteel no muss de Lëtzebuerger Staat elo vun Engie 120 Milliounen Euro Steieren akasséieren.

Lëtzebuerg war all Kéiers géint d'Decisioune vu Bréissel an Appell gaangen - d'Regierung hat ënner anerem ugefouert, datt d'Kommissioun hir Kompetenze bei esou Decisiounen depasséiert. Dat gouf esou vum Geriicht a béide Fäll net confirméiert. De Prinzip, datt een Tax ruling kann eng illegal Staatsbäihëllef duerstellen, gouf deemno net a Fro gestallt.

D'Kommissioun kann am Fall vun Amazon an Appell goen. Si géif sech dat Urteel genee ukucken, gëtt d'EU-Kommissärin Margreth Vestager an engem Presse-Communiqué zitéiert.