arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Am Ufank war Kaméidi?
Bon Entendeur
Am Ufank war Kaméidi?
An enger Serie mam Titel Bon Entendeur geet de Marc Clement der Geschicht vum Musekläuschteren op d'Spur. Dat geet awer net, ouni vir unzefänken, an e puer pertinent Froen zu den Originne vun der Musek selwer ze stellen. An de Rhythme vun eisem Blutt an eisem Kierper, an eisem Zäitempfannen, op der Sich no Sënn, no eppes méi Groussem wéi eis, beim Schaffe, beim Feieren a beim Stierwen: mir hu gesongen a getrommelt, laang ier mir geschwat hunn.