Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Am Gespréich" - déi nei Talk-Emissioun

Rentrée um radio 100,7

"Am Gespréich" - déi nei Talk-Emissioun

"Am Gespréich" heescht déi nei Talk-Emissioun um radio 100,7. All Woch léiere mer eng Perséinlechkeet aus dem Grand-Duché besser kennen. De Rendez-vous ass vu méindes bis freides um 12:40. Online kënnt Dir awer vu Méindes un dee ganzen Interview lauschteren an deen héiert Dir dann och um Sonndeg Moie kuerz no 10 Auer op der Antenn.

auto_stories

2 min

Ëm wat geet et an der Sendung ?

Et geet ëm d'Liewen, eenzele professionell, privat oder kënschtleresch Etappe vum Invité. Iwwer Momenter aus der Lëtzebuerger Zäitgeschicht vun de leschte Joerzéngten. D'Gäscht, déi mir iech allkéiers eng ganz Woch laang presentéieren, kréien Zäit am Detail op eenzel Punkten anzegoen an dat an der Atmosphär vun engem labberen Interview.

Aus wéi enge Beräicher kommen d'Invitéen?

Do gëtt et u sech kee feste Kader. Deen eenzege Krittär, deen en Invité erfëlle muss, ass, datt d'Persoun, déi mir an de Studio invitéieren, eppes ze erzielen huet. Da ka vun der Infirmière an der Palliativ-Statioun, iwwer Schauspiller, Museker an Dänzer bis bei Politiker oder Wëssenschaftler goen. Et geet ëm d'Persounen, déi invitéiert ginn an hir Geschichten.

Wien ass den éischten Invité "Am Gespréich"?

Den éischten Invité fir eist neit Format ass de Marion Thill. De Marion ass Piercer a Besëtzer vun engem Tattoo-Studio an hien ass Vize-President vun der Hair, Beauty and Tattoo Guild zu Lëtzebuerg.

Hien ass awer och Kënschtler, war eng vun de Stëmme vum Pirateradio RFM an den 1980er, DJ am Lëtzebuerger Nuetsliewen an den 1990er an hien ass nach ëmmer Museker. Statioune vu senger Karriär als Museker hei am Land waren ënner anerem d'Surf Cowboys, Clean State an Neo Tokyo.