Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Rhythmicon - Pascal Schumacher

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alters- a Fleegeheemer: Momentan keng Aschränkunge geplangt

Fleegesecteur

Alters- a Fleegeheemer: Momentan keng Aschränkunge geplangt

An den Alters- a Fleegeheemer wiere wéinst der zweeter Well bis elo bei de Visitte keng nei Aschränkungen ageféiert ginn, esou d'Carine Federspiel. Dat kéint sech nees änneren, deemno wéi d'Situatioun evoluéiert. D'Erfarunge vum Confinement wärend der éischter Well hätten awer gewisen, wéi problematesch et ass, wann d'Bewunner vun de Haiser keng Famill a Frënn däerfen empfänken. Bei Stierffäll wieren dowéinst esouguer am Confinement heiansdo Ausname gemaach ginn.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

D'Haiser wieren awer elo vill besser opgestallt, wéi nach ufanks Mäerz, si hätte wärend der éischter Phas vun der Pandemie wäertvoll Erfarunge gesammelt, vun deene si am weidere Verlaf vun der Kris kéinte profitéieren. A si kéinten och ganz séier reagéieren, wann et géif néideg ginn.

Wärend der éischter Phas vun der Corona-Pandemie sinn an den Alters- a Fleegeheemer nees vill Leit klinesch betreit ginn, wat virdru bal net méi de Fall war. Dat wier eng besonnesch Erausfuerderung gewiescht, seet d'Dokter Carine Federspiel, Generaldirektesch vun Zitha-Senior a Vize-Presidentin vun der COPAS.

Personalmangel a Konkurrenz mat de Spideeler

Zum Beispill hätten an den Haiser ganz kuerzfristeg misste Formatiounen organiséiert ginn, fir mat den Infirmièren an Infirmieren Gesten opzefrëschen, déi si viru Covid an hirem Alldag vill manner gebraucht hu wéi hir Kolleegen an de Spideeler. Am Moment gëtt och weidert Personal rekrutéiert, mee dat wier net esou einfach, esou d'Dokter Federspiel.

D'Gehälter am Extra-hospitalier wieren awer net esou attraktiv wéi am Spidol, obwuel een an direkter Konkurrenz zu de Spideeler géif stoen.

"Dofir och e viven Appell fir Leit, déi sech beruff fille fir an den Extra-hospitalier schaffen ze kommen. De Relationnel geet net verluer, an déi technesch Praxissen, déi brauche mer och an de Long-séjouren."

Wichteg sech géint d'Gripp impfen ze loossen

Am Fall vun enger drëtter Well, mat där am Hierscht gerechent gëtt, misst een d'Besuchsrechter awer vläicht nees aschränken, fir d'Bewunner vun de Strukturen ze schützen. D'Carine Federspiel wënscht sech dofir, datt d'Populatioun d'Hygiènesreegelen, d'Maskeflicht an de Social Distancing weider respektéieren a sech géint d'Gripp impfe loossen.

"Dir wësst, datt d'Grippesymptomer liicht verwiesselbar si mat Covid-Symptomer, net datt d'Leit suspekt gi fir Covid, an eigentlech ass et den Ufank vun enger Influenza-Gripp. Also ass et wichteg, datt esou vill wéi méiglech Leit sech och an der jonker Bevëlkerung impfe loosse géint d'Gripp, fir datt do net eng falsch Suspicioun fir Covid entsteet."