Radioen

On air

De Moien  |  Hannah Ida - East Of Eden Feat. Florian Van Kooy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alternativen zur Repressioun

Drogepolitik

Alternativen zur Repressioun

Medezinesch a sozial Mesuren, déi als primäert Zil hunn de Schued vum Drogekonsum ze reduzéieren, hunn ee méi nohaltegen Impakt ewéi repressiv Mesuren eleng. Dee Constat maachen den nationalen Drogebeoptragten Alain Origer, de René Meneghetti vum Suchtverband an d'Claudia Allar, Chargée de Direction vum Drogenhëllefzentrum Abrigado.

auto_stories

7 min

D'Mënschegeschicht hätt gewisen, datt eng Welt ouni Drogen net méiglech ass, seet den Alain Origer. Och wann d'Vereenten Natiounen sech d'Eradicatioun vun den Drogen 1998 nach als Zil gesat hätten, hätt gläichzäiteg schonn ee Paradigmewiessel ugefaangen, deen den Drogebeoptraagten als "Meilesteen" bezeechent: prioritär sollen d'Schied vum Drogekonsum reduzéiert ginn. Lëtzebuerg hätt déi Approche relativ fréi adoptéiert an doduerch d'Zuel vun den Drogendoudege massiv reduzéiert.

"Drëps op de waarme Steen"

D'Stad Lëtzebuerg huet elo op en Neits gefuerdert, datt d'Police méi Moyene misst kréien, fir géint Kriminalitéit an Nuisancë virzegoen, déi mam Drogekonsum an Drogenhandel zesummenhänken. Datt d'Fuerderung no méi Repressioun ee Reflex bleift, féiert de René Meneghetti op de Besoin zeréck, ee Gefill vu Sécherheet oder Kontroll ze vermëttelen.

Méi Presenz vu Polizisten oder private Sécherheetsagente géif awer just zu enger geographescher Verlagerung vum Problem féieren: "Eng Drëps op de waarme Steen", esou de President vum Suchtverband - den Daachverband vun den Drogen- a Suchthëllefariichtungen zu Lëtzebuerg.

Lacunnen an der Offer vun Alternativen

Eng sënnvoll Mesure wier, wa Sozialaarbechter d'Police-Patrulle begleeden, erkläert de Präsident vum Suchtverband. Dat wier zum Beispill zu Zürech de Fall. D'Iddi wier, datt déi Leit d'Gespréich kënne sichen an och eng Offer kéinte maachen, fir Drogekonsumente vun der Strooss fort ze orientéieren, zum Beispill bei adaptéiert Iwwernuechtungsstrukturen:

"Op der anerer Säit ass et awer och esou, datt mer gewësse Strukture mussen hunn, fir datt mir eppes als Alternativ kënnen ubidden. Wa mer näischt hunn, ass et och schwéier de Leit ze soen: "Da gitt elo dohinner"."

"Ganz grouss Demande" fir Alternativen

D'Repressioun an d'Kontroll wieren eng vu véier Sailen, déi am Ëmgank mat der Drogeproblematik eng Roll spillen, betount d'Claudia Allar: Nieft dem therapeutesche Beräich, der Präventioun an der Iwwerliewenshëllef.

Bei de Clienten, déi an den Drogekonsumraum vum Abrigado kommen, géif et eng "ganz grouss Demande" gi fir hir Liewenssituatioun ze verbesseren, zum Beispill duerch Substitutiounsprogrammer.

Fortschrëtter wéinst Corona-Pandemie

Déi europawäit Confinementsmesuren haten och op den Drogemarché een Afloss, notamment wéi am Fréijoer d'Grenzen zou waren. D'Qualitéit vun de Substanzen hätt zäitweis nogelooss an d'Präisser hätten deels geschwankt, seet den Alain Origer: "Mee wat wierklech phänomenal ass, ass datt de Schwaarzmaart - also d'organiséiert Kriminalitéit - ganz resilient ass, a sech ganz séier ugepasst huet."

An engem drogepoliteschen Dossier goufen et wéinst der Ausnamesituatioun awer onerwaart séier Fortschrëtter: zanter Abrëll gëtt et am Abrigado zu Bouneweg en nidderschwellege Substitutiounsprojet: hei kënnen Drogekonsumente Medikamenter als Ersatz zu haarden Drogen kréien, dëst och wa si keng Krankeversécherung hunn.

Substitutioun wierkt

D'Claudia Allar schwätzt vun engem "immensen Erfollegsprojet" a beschreift eng Erfarung:

"Eng kann ech exemplaresch nenne vun engem Client, dee wierklech zanter Jore bei eis virum Abrigado bei den Zelter ouni Perspektiv do ass, an dee mir scho ganz laang begleeden. Duerch de Substitutiounsprojet krute mir hie sou stabiliséiert, datt mir duerno an Zesummenaarbecht mat der Assistante sociale hien do fort ze orientéieren. Wann dee Wee mat enger Persoun an och aneren esou extrem méiglech ass, dann ass dat fir eis dee beschte Beweis, datt dat de richtege Wee ass. Mir hunn do eppes ganz Grousses gestart, wat net méi soll an dierf réckgängeg gemaach ginn, well et wierklech eng Alternativ ass."

Den Ament kéimen eng 20 bis 25 Cliente reegelméisseg fir hir Medikamenter ze kréien. Et géif zousätzlech Besoine ginn, mee dofir wiere méi Capacitéite beim Encadrement néideg.

Heroinprogramm

Zanter zwee Joer gëtt et och ee Pilotprojet fir Drogekonsumenten ënner Opsiicht Heroinpëllen ze ginn. Dëst a Fäll, wou d'Substitutioun zum Beispill mat Methadon net funktionéiert, erkläert den Alain Origer. An och hei géif et gelénge fir Leit ze stabiliséieren an "nees an de Reseau eran ze kréien".

Primäert Zil vun enger "heroin-gestützter Behandlung" wier et, Liewen ze retten. Datt een duerch esou Programmer der organiséierter Drogekriminalitéit d'Waasser kéint ofgruewen, mengt den Drogebeoptraagten net.

De Kokainkonsum ass mëttlerweil méi verbreet, ewéi dee vum Heroin. Eventuell misst een déi nächst Joren also och spezifesch Traitementer fir Kokain-Ofhängeger ubidden oder spezifesch Substitutiounsprogrammer, esou den Drogebeoptraagten. Den Ament géif et awer nach keng Molecule ginn, mat där een de Kokain kéint ersetzen.

Daach iwwer dem Kapp

Vill Persoune mat enger schwéierer Drogesucht hu keng Wunneng. Wien och an der Nuecht muss Droge konsuméieren, ass iwwerdeems vu villen Iwwernuechtungsstrukturen ausgeschloss. Grad de Kokain géif a vill méi kuerzen Ofstänn konsuméiert ginn an deemno och nuets, erkläert d'Claudia Allar.

Den Abrigado bitt d'ganzt Joer 42 Better als Nouthëllef un. Hei ass et erlaabt, fir och wärend der Nuecht eraus ze goen, fir Drogen ze konsuméieren. Mee, betount d'Claudia Allar: "Et ginn och Leit, déi och dat net packen. An déi muss ee medezinesch stabiliséieren. Dat geet just iwwer niddeschwelleg Substitutioun - wat natierlech eng fräiwëlleg Offer ass, mee déi gëtt gären ugeholl."

Wéinst der Substitutioun géifen elo och méi Leit d'Iwwernuechtungsoffer unhuelen, well se et just esou kierperlech packen, fir iwwerhaapt dobannen ze bleiwen. Och bei Wunnengsprojete wéi dem "Housing first" wier déi medezinesch Stabiliséierung deemno decisiv.

De Santésministère huet d'Stad Lëtzebuerg gefrot, fir méi Wunnengen och fir Drogekonsumenten unzebidden. Dat wier och am Interessi vun der Gemeng, ass den Alain Origer iwwerzeegt.

Dezentraliséierung, och an de Gemengen

Déi dräi Experte si sech eens, datt eng Dezentraliséierung wichteg ass - an zwar och bannent den eenzele Gemengen. Eng Erkenntnis wier zum Beispill, datt een Inhalatiounsraim an Injektiounsraim misst vuneneen trennen, seet d'Claudia Allar: Fir zum Beispill z'evitéieren, datt Leit, déi am Fong inhaléieren nees op déi gesondheetlech méi bedenklech Injektiounen zeréck gräifen.

Och Iwwernuechtungs- a Wunnméiglechkeete sollten net all op enger Plaz konzentréiert sinn, seet den Alain Origer. Ee Konzept fir eng Dezentraliséierung an der Haaptstad wier ausgeschafft - et géif een nach op eng Réckmeldung vun der Stad Lëtzebuerg waarden. Zil wier et ënner anerem fir den Abrigado "konzeptuell op de Leescht ze huelen".

Neit Konzept fir den Abrigado

Den Abrigado zitt eng grouss Zuel vun Drogekonsumenten un, déi zum Deel baussent dem Drogekonsumraum an Zelter liewen. "Kee Mënsch" wéilt eppes ewéi den Abrigado a senger aktueller Form hunn, seet d'Claudia Allar: "A mir och net". Dowéinst wier de richtege Wee, fir méi kleng Strukturen ze schafen. Och eng spezifesch Offer fir Fraen, inklusiv engem Drogekonsumraum, wier wënschenswäert.

Iwwerdeems géif et kee Sënn maachen, einfach an all Gemengen en Drogekonsumraum opzemaachen. Et géif verschidden Hotspoten, wou Drogesüchteger sech ophalen, an dorunner misst ee sech orientéieren. D'Drogenzeene wieren och anescht an der Stad, am Norden oder zu Esch.

Cannabis: Schuedreduktioun ass d'Zil

Eng ganz aner Thematik ass déi vum Cannabis, där am meeschte konsuméierter illegaler Drog hei am Land. Och hei geet et awer drëm, duerch d'Legalisatioun - den Drogebeoptraagte schwätzt léiwer vun enger "alternativer Reglementatioun" - Schued fir d'Konsumenten ze reduzéieren. Notamment, well den THC-Contenu an de Produiten um Schwaarzmaart staark klëmmt, mat deels bis zu 40 Prozent THC: "Dat si Produiten, wann déi op en naiivt Gehier falen, dat si psychoaktiv Atombommen".

Nach ass d'Konzept awer net sprochräif, den Alain Origer erkläert firwat:

"Et ginn eng ganz Rei vu Problemer, déi ze léise sinn. Et ass ee ganz transversalen Dossier, notamment och wat internationaalt Recht ugeet. A wéiwäit ass dat vereenbar mat den UNO-Konventiounen, zum Beispill. Do sinn nach eng ganz Rei Saachen, déi musse gekläert ginn. Mir hunn och ee groussen Tour am Ausland gemaach, wou mer ganz verschidden Erfarungswäerter gesammelt hunn. Vu verschiddene Länner si mer besser accueilléiert ginn ewéi vun aneren. Et gëtt awer wieder dru geschafft. An all Dag entdecke mer nei Defien, dofir bleift et sportlech."

"Sou lues wéi néideg, sou séier wéi méiglech"

De René Meneghetti begréisst d'Demarche vum Santésministère, fir d'Konzept an enker Ofsprooch mat den Drogen- a Suchthëllefariichtungen auszeschaffen. Een Ament wier et "ze séier" virugaangen, mengt de President vum Suchtverband. D'Legaliséierung wier fir d'Jugend ee "Wénk vun der Gesellschaft, datt dat net esou geféierlech ass".

Et géife sech also net just praktesch-logistesch Froe stellen, iwwer d'Produktioun an de Verkaf vum Produit:

"Hu mer och eng Strukturen hannendrun, déi dat kënnen opfänken, wa Leit eng Dependance oder eng Sucht entwéckelen? Dat ass alles nach an de Kannerschong, dat feelt eis nach. Dat musse mer alles "en due forme' opbauen."

Wéi séier dat kéint geschéien, kéint hie schwéier aschätzen, esou de René Meneghetti. Et wier een Dossier, an deem et "sou lues wéi néideg a sou séier wéi méiglech" géif viru goen.