Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alpdram zu Raqqa

Liewen am Terror-Staat

Alpdram zu Raqqa

Et ass schwéier un Informatiounen aus der Haaptstad vum IS ze kommen. D'Journalistin Laila Ben Allal ass spezialiséiert op Dschihadismus. Si beschäftegt sech am Detail mat der Situatioun zu Raqqa.

auto_stories

2 min

Leila Ben Allal

D'Laila Ben Allal ass eng belgo-marokkanesch Journalistin a Fotografin, spezialiséiert an de Beräicher Dschihadismus an islameschen Extremismus. Mee si interesséiert sech och fir d'Liewe vun de Familljen, déi e Familljemember am syresche Krich verluer hunn.

Opklärung fir potentiell Dschihadisten

D'Laila Ben Allal huet no den Attentater zu Paräis an zu Bréissel ugefaangen, sech méi am Detail fir d'Realitéit zu Raqqa z'intresséieren. Raqqa ass d'Stad am Norde vu Syrien, déi 2013 zur de-facto-Haaptstad vun der Terrormiliz "Islamesche Staat" (IS) gouf. Potentiell Dschihadisten, oder Mënschen, déi Attentater an europäesche Groussstied ausüben, géife meeschtens net realiséieren, wéi d’Realitéit an den IS-besate Gebitter wierklech wär, erkläert d'Leila Ben Allal. "Et gi keng Villaen a keng Piscinnen zu Raqqa".

Et wär och e mentale Krich: Soulaang et Mënsche géife ginn, déi un d'Lige vum IS gleewen, géif d'Terrororganisatioun Muecht behalen, well weider Jugendlecher vum Dschihad ugezu géife ginn.

D'Terrormiliz wëll d'Stad dicht maachen

Duerch d'Ae vu Flüchtlingen, déi aus der Stad konnte fortlafen, géif d'Liewen zu Raqqa awer vill méi schro ausgesinn. Raqqa wär en Alpdram. Et wär net genuch do fir z'iessen, Frae wäre ganz hire Männer ënnerworf, Sex-Sklave wären Normalitéit, a Mënsche géife gekäppt fir banal Grënn. Zum Beispill, well si op d'Mier gefuer wären. Op der Plage kéint ee Saache maachen, déi net der IS-Doctrine entspriechen. Näischt wär erlaabt, sou d'Laila Ben Allal.

Op dës Manéier wéilt d'Terrorgrupp verhënneren, datt Mënschen an Informatioun aus der Stad géifen erauskommen. "Si wëllen net, datt d'Welt weess, wat zu Raqqa geschitt, fir d'Ënnerstëtzung, déi sinn nach zu Raqqa an dobaussen hunn, net ze verléieren."

Schwaarz Lächer vun der Informatioun

D'Welt miss méi iwwert Raqqa gewuer ginn, sou d'Journalistin. Mee d'Geschichte vun de Flüchtlingen, déi aus der Stad erauskomm sinn, wäre schwéier ze kréien. "Déi, déi nach Familljememberen zu Raqqa hunn, wëllen aus Angscht net schwätzen." Trotz de Schwieregkeete wär et awer eng Responsabilitéit vun de Medien, och iwwert déi Leit ze schwätzen, déi vergiess géife ginn.

Déi éischt Affere vun der Terrormiliz wären déi, déi an dës schwaarz Lächer vun der Informatioun eragezu ginn, an hannert de Kulisse vum IS-Wahnsinn fir ëmmer verschwannen.