Radioen

On air

De Moien  |  Terence Trent D'Arby - Wishing Well

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech stëmmen dofir datt Groussbritannie bleift"

Brexit-Debatt

"Ech stëmmen dofir datt Groussbritannie bleift"

Déi britesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, Alice Walpole, seet kritesch Diskussiounen iwwer Europa géifen et an hirem Land schonn zanter laange Joeren ginn. Grad dofir wier et och richteg, datt de Premier David Cameron decidéiert hätt, d'Bevëlkerung ofstëmmen ze loossen. A bannent der EU misst een och kënnen akzeptéieren, datt net ëmmer jidderee mat allem averstan wier.

Christiane Kleer

auto_stories

5 min

D'Alice Walpole ass nach e puer Wochen Ambassadrice zu Lëtzebuerg, duerno geet et an de Mali

Anescht wéi dat aus de briteschen Zeitunge géif ervir goen, wier just eng Minoritéit vun de Brite fir de Brexit.  "Mee déi hu ganz haart geschwat", seet d'Alice Walpole. "Si hu scho viru Joere mat hirer Campagne fir en Austrëtt aus der EU ugefaang". Déi britesch Regierung hätt iwwerdeems ëmmer gesot, et misst een ofweien a reforméieren. D'Alice Walpole verstoppt awer net, datt d'Groussbritannien seng ganz spezifesch Grondstellung zur EU huet.

"D'Ever closer union ass fir eis e Problem um politesche Plang, mee dofir wëlle mir awer trotzdem Member vun der EU bleiwen", sou d'Alice Walpole. An déi Realitéit géif d'Land schonn zanter Joere beschäftegen. De Premier David Cameron hätt deemno awer och konsequent gehandelt wéi hie sot: "Mir musse lo driwwer nodenken op mer wëlle Member bleiwen oder net". 

"Accord gutt fir jiddereen"

Et wier nëmmen "éierlech" vun de Briten, zouzeginn, datt si en ëmmer méi staarkt Zesummewuesse vun der EU kritesch gesinn, seet d'Alice Walpole."Et ginn ëmmer Leit déi mengen, Meenungsverschiddenheete wieren ee Problem. Mee mir sinn dach d'EU sinn, mir si robust an hu fest Wuerzelen. An wa mir eis op gewësse Punkten net ëmmer eens sinn, datt ass dat kee Grond sech Suergen ze maachen", sou déi britesch Ambassadrice, där hire Posten zu Lëtzebuerg an de nächste Woche vum John Marshall, fréiere briteschen Ambassadeur am Senegal, iwwerholl gëtt. Si selwer gëtt britesch Ambassadrice am Mali. 

D'Alice Walpole hofft elo, datt d'Campagne fir de Referendum vum 23. Juni wäert roueg a serieux verlafen. A si ass optimistesch: "Den David Cameron wäert de Bierger lo erkläre firwat den Accord tëscht EU a Groussbritannien gutt ass fir jiddereen, fir eis a fir d'EU". D'Alice Walpole selwer huet sech scho fir de Referendum ageschriwwen an ass sech sécher, datt si géint de Brexit wäert stëmmen: "Ech stëmmen dofir datt Groussbritannie bleift". A si hofft och, datt genau dat d'Resultat vum Referendum wäert sinn, well da wier e neit Mandat do fir europäesch Dossieren unzegoen.

Zum Virworf vum cherry picking, deen an der läscht ëmmer erëm widderholl gëtt, seet d'Alice Walpole: "Et ass wéi an enger Famill: net jiddereen muss alles maachen. Mir respektéieren jo och, datt verschidde Länner an der EU sech ni géifen militäresch engagéieren".

Konsequenze méi schlëmm fir Industrie?

Wat déi wirtschaftlech Konsequenze vun engem méigleche Brexit ugeet, sou ass d'Alice Walpole der Meenung, datt déi manner am Finanzberäich wäerten ze spiere sinn wéi méiglecherweis an der traditioneller Industrie. "Ech hu viru Kuerzem eng iwwerraschend Zuel gelies: Groussbritannien hätt 2014 méi Autoen exportéiert wéi Däitschland. Dat weist och wéi ofhängeg mir vum europäesche Marché sinn".

D'Alice Walpole gesäit iwwerdeems keng gréisser Konkurrenz tëscht der Citi vu London an der Finanzplaz Lëtzebuerg. "Si ergänzen sech éischter wéi datt se Konkurrente sinn. Vill Finanzinstituter operéieren op den zwou Plazen operéieren, alleng well se mat Lëtzebuerg e Fouss an der Eurozon wëllen hunn". sou d'Aliec Walpole. "Doriwwer eraus, gëtt op den zwou Plazen op verschiddene Produite geschafft an et fonctionnéiert". 

Irak: Pëtrolsgeschäft an der Regioun vu Basra

Ier si 2011 op Lëtzebuerg komm ass, war d'Alice Walpole fir zwee Joer zu Basra, am Süde vum Irak am Asaz. Si ass dee Moment ukomm, wou déi britesch Zaldoten, déi haaptsächlech am Süden aktiv waren, ofgezu sinn. Als Diplomatin war do eng vun hire Missiounen fir Pëtrolsgeschäft op der Plaz erëm un d'Rullen ze bréngen – an dobäi och déi grouss britesch Firmen aus dem Secteur mat anzebannen. "Wéi ech ukomm sinn, waren d'Pëtrolsfelder an engem katastrofalen Zoustand. D'Iraker hu Partner gesicht. Natierlech hunn ech haaptsächlech britesch Firmen, wéi BP a Shell encouragéiert, mee am Endeffekt hunn ech mech och fir Entreprise wéi Statoil, Lukoil, Petrochina agesat. D'Zil war, d'Felder ze exploitéieren an Aarbecht fir d'Leit op der Plaz ze schafen"

Aarbecht ze hunn, ass de Alice Walpole no, och e Grond fir sech net an terroristeschen Aktivitéiten ze engagéieren. Dat hätt een am Süde vum Irak, dee gréisstendeels schiiteschen ass, gutt gesinn. Och haut géifen d'Iraker am Süden éischter e "normaalt" Liewe kënne féieren, am Géigesaz zum Norde vum Land.

Memorabel Momenter zu Lëtzebuerg

Datt si Lëtzebuerg no gutt véier Joer erëm verléisst mécht si traureg, seet d'Alice Walpole. Si ass awer frou, memorabel Momenter hei am Land erlieft ze hunn, wéi de Regierungswiessel 2013, deen d'Politik reaniméiert hätt. Zu deene Momenter zielt si awer och de Mariage vum Ierfgroussherzog Guillaume mat der Prinzessin Stéphanie. 

Zu Lëtzebuerg hätt si vill Frënn dobäigewonn. Och wann een sech op europäeschem Niveau net ëmmer eens wier, sou géif dat awer vun der Wäermt vun de Lëtzebuerger erëm wett gemaach ginn. Doriwwer eraus wieren déi bilateral Relatiounen, zum Beispill am Beräich vun der Héichschoul an der Kultur.