Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kuckt net ewech"

Gewalt géint Fraen

"Kuckt net ewech"

120 Fraen déi Affer vu häuslecher Gewalt waren, stoungen d'läscht Joer op der Waardelëscht fir eng Plaz an engem Foyer ze kréien, seet d’Alexa Warnier vum "Foyer Sud". Si gesäit d’Wunnengsnout als Problem.

auto_stories

3 min

802 Interventiounen an 242 Expulsiounen duerch d'Police gouf et am Joer 2015 wéinst häuslecher Gewalt zu Lëtzebuerg. Vun den Affer waren 62,4 Prozent Fraen a 37,6 Prozent Männer. Dat geet ervir aus dem Rapport 2015 vum "Comité de coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence". Der Police no, géingen d’Zuele fir 2016 an déi selwecht Richtung goen.

Häuslech Gewalt wier och e kulturelle Problem, seet d'Alexa Warnier, Chargée de direction vu "Foyer Sud – Fraen an Nout". Bei Persoune mat Migratiounshannergrond géing et aner Gewunnechte ginn. "Déi Frae ginn oft méi geschloe wéi bei eis am Land", sou d'Alexa Warnier. De leschten offiziellen Zuelen no, wier een Drëttel vun den Affer vun häuslecher Gewalt Lëtzebuerger, een Drëttel Portugisen an een Drëttel vun anere Communautéiten. Dat géing sech och an de Foyere fir Fraen erëmspigelen.

Waardelëschte wéinst Wunnengsnout

D'Alexa Warnier ënnersträicht awer och, datt Fraen déi an e Fraenhaus ginn, an der Regel finanziell manner gutt gestallt sinn. Wann ee méi Suen hätt, wier et als Affer méi einfach eegestänneg ginn. Häuslech Gewalt géing et awer an alle sozio-ekonomesche Populatiounsschichte ginn, an si géing Frae vun all Alter betreffen. Zanter dem Expulsiounsgesetz aus dem Joer 2003, wieren allerdéngs manner Fraen op e Foyer ugewisen. Dat wär eng wesentlech Verbesserung, seet d'Alexa Warnier.

120 Fraen déi Affer vu häuslecher Gewalt waren, stoungen d’läscht Joer op der Waardelëscht fir eng Plaz an engem Foyer fir Fraen. Ursaach dofir wier d’Situatioun um Wunnengsmaart, seet d’Alexa Warnier. Well et net genuch präiswäert Wunnenge ginn, missten déi betraffe Frae méi laang wéi néideg an de Fraenhaiser bleiwen. Am Plaz dräi Méint, kéint dat bis zu engem Joer goen. Dat géing dozou féieren, datt net genuch Urgence-Plazen disponibel wären.

Fir d'Schafe vun engem weideren Zentrum

D’Alexa Warnier plaidéiert fir d’Schafung vun engem weidere Kriseninterventiounszentrum, nieft dem "Foyer Sud – Fraen a Nout" zu Esch. Dat géing et erlabe, Plaz ze schafen an den néng aner Fraefoyeren. Wann Fraen net direkt eng Plaz kréien, kënne si an akute Fäll an engem Hotel ënnerbruecht ginn, esou d’Alexa Warnier. Déi Placementer ginn da vum Chancëgläichheetsministère finanzéiert.

Mëttelfristeg kënne Fraen, déi keng Wunneng fannen, och een Appartement zur Verfügung kënne gestallt kréien, mat engem Suivi social, wou se nach begleet ginn, a wou si dann och autonom mat hire Kanner kënne liewen.

D'Aen opmaachen

D’Alexa Warnier lancéiert en Appell un d’Ëffentlechkeet fir opmierksam ze sinn, am Fall wou et Persounen net gutt geet. Et soll een versichen, de Betraffene bäizestoen, a sech un ee Service fir Hëllef ze wennen. "Kuckt net ewech", seet d’Chargée de direction vum "Foyer Sud – Fraen a Nout", deen säin 30. Anniversaire feiert.

D'Alexa Warnier bemierkt donieft, si wier "schockéiert" iwwert déi nei Legislatioun a Russland iwwert häuslech Gewalt, dat wär e Réckschrëtt fir d’Fraen alleguerten, seet d’Alexa Warnier. A Russland sinn d’Strofe fir d’Täter erof gesat ginn.