Radioen

On air

9 bis 1  |  Craig Finn - People Of Substance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aktiounscomité géint Atomkraaft hofft op Deinvestitioun aus Atomenergie

Kompensatiounsfong

Aktiounscomité géint Atomkraaft hofft op Deinvestitioun aus Atomenergie

Et dierft net ze schwéier si fir Krittären ze fannen, no deenen de Kompensatiounsfong vun de Pensiounen net méi an Entreprisen aus der Atomindustrie investéiere soll. Dat mengt de Roger Spautz vum Aktiounscomité géint Atomkraaft. Den zoustännege Sozialminister Claude Haagen sot hei op der Antenn, dass ebe grad dat schwéier wier.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Et wier net alles schwaarz a wäiss, mengt de Sozialminister. Ee Beispill: d'Investitiounen an de franséischen Energiebetrib EDF, dee säi Stroum aus Atomenergie produzéiert, an awer och an erneierbar Energien investéiert.

De Roger Spautz vum Aktiounscomité géint Atomenergie mengt, datt et an deem Fall net schwéier wier fir eng kloer Linn ze hunn: Wann et keng kloer Trennung tëschent Investitiounen an erneierbar Energien an Investitiounen an Atom-, Gas- oder fossil Energie gëtt, sollt een net an déi Entreprisen investéieren.

800 Milliounen Euro fir d'Atomindustrie

Déi lescht Woch hat den Aktiounscomité een oppene Bréif un de Claude Haagen geschéckt mam Appell, datt de Kompensatiounsfong net weider an d'Atomindustrie investéiere soll. Am Aktiounscomité sinn ONGen, Gewerkschaften an och all d' Regierungsparteie vertrueden, déi d'Fuerderunge vum Bréif all matgedroen hätten.

Sou eng Fuerderung wier och net schwéier duerchzesetzen, wann d'Regierung oder den zoustännege Minister do eng Decisioun géif huelen, sou de Roger Spautz. Den Informatioune vum Kommitee no ginn 3 Prozent, also 800 Milliounen Euro vun allen Investitioune vu Kompensatiounsfong an d'Atomindustrie gestach.

Well de Verwaltungsrot bis elo keng Investitiounsstrategie decidéiert huet, huet den Sozialminister fir Ufank nächst Joer een Debat de consultation an der Chamber aberuff. De Roger Spautz ass frou, datt eng Diskussioun stattfënnt a mengt, datt hir Positioune vum Aktiounscomité am Debat bestätegt géife ginn.