Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Afferschutzorganisatioune bekloen awer e Manktem u Ressourcen

Femiziden an Éisträich

Afferschutzorganisatioune bekloen awer e Manktem u Ressourcen

Wéi ka Gewalt géint Frae besser bekämpft ginn? Doriwwer gëtt an Éisträich den Ament vill diskutéiert. Ausgeléist gouf déi momentan Debatt duerch ee staark mediatiséierte rezente Mord zu Wien. D'Regierung huet doropshin eng Partie Mesuren ugekënnegt. Afferschutzorganisatioune bekloen awer e Manktem u Ressourcen.

auto_stories

2 min

Beim rezente Mord zu Wien gouf eng Fra vun hirem Ex-Partner erschoss. Enger Rechnung vun der éisträichescher Noriichtenagence APA no, ass et an dësem Joer schonn dee néngte Mord un enger Fra duerch hire Partner oder Ex-Partner an Éisträich. Gewalt géingt Fraen ass am Land mat bal néng Milliounen Awunner besonnesch staark ausgepräägt. No de leschte verfügbaren Donnéeë vun der europäescher Statistikagence Eurostat war Éisträich 2017 dat eenzegt EU-Land an deem méi Fraen ermort goufen ewéi Männer. An enger Majoritéit vun de Fäll war den Partner oder Ex-Partner den Täter.

Nom rezente Fall goufen et vu Regierungssäit direkt eng Partie Ukënnegungen. Déi gréng Regierungspartei mat hirem Sozialminister Wolfgang Mückstein huet eng grouss Preventiounscampagne géint Männergewalt ugekënnegt. Hei soll engem falsche Bild vu Männlechkeet entgéintgewierkt ginn, esou de Minister.

Fallkonferenze gi viru gedriwwen

Aus dem Fraen-, Justiz- an Inneministère goufe weider Mesuren annoncéiert. Zum Beispill soll op all Policeinspektioun an Zukunft e sougenannte Preventiounsbeamte sinn, deen entspriechend geschoult wier a mat Afferschutzorganisatiounen am Kontakt stéing. Virun allem sollen awer déi sougenannte Fallkonferenze weider forcéiert ginn. A Fäll vun häuslecher Gewalt kommen hei Police, Justiz a lokal Afferschutzorganisatiounen zesumme fir am Eenzelfall ze beroden, mat dem Zil, Schlëmmeres ze verhënneren.

All dës Mesurë gi vun de scho genannten Afferschutzorganisatioune begréisst. Et géif awer net duer goen. Virun allem géif et u finanziellen a personelle Ressource feelen. De betraffenen Organisatiounen no bräichte si ronn 3.000 Leit méi u Personal fir all déi betraffe Fraen adequat ze encadréieren.

D'Kritik vun den betraffenen Organisatiounen huet de éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz kierzlech dozou verleet, méi finanziell Mëttelen unzekënnegen. "Um Geld wäert et net scheiteren" - esou seng Uso. Wat dat konkret heescht, kéint dann d'nächst Woch op engem Ronnen Dësch mat all de betraffenen Acteuren diskutéiert ginn.