Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Dilemma At Symmetric Dusk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Dieschbourg: Revirement no Interview mam Luc Heuschling

Affär Dieschbourg

Affär Dieschbourg: Revirement no Interview mam Luc Heuschling

Ass d'Chamber oder de Parquet an der Affär Dieschbourg zoustänneg? D'Chamber soll sech dozou mam Verfassungsexpert Luc Heuschling austauschen.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Déi zwee Gremie vun der Chamber, de Büro an d'Conférence des présidents, haten am Abrëll eng Entrevue mat der Procureure générale Martine Solovieff.

Duerno hat et esou ausgesinn, wéi wann alles kloer wier: d'Chamber misst d'Decisioun huelen, ob genuch am Dossier wier, fir déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg unzekloen.

Interviewe mam Luc Heuschling - hei op der Antenn an am Tageblatt - hu fir en neie Moment gesuergt an der Fro, wien am Dossier dann zoustänneg wier, déi fréier Ëmweltministesch unzekloen: Ass et d'Chamber oder ass et de Parquet?

Et hat ee gemengt, déi Fro wier gekläert. Mee déi gréng wëlle se elo nach eemol nei oprullen.

Aner Meenunge solle gehéiert ginn

Dat wier deemools awer keng definitiv Decisioun gewiescht, seet d'Fraktiounscheffin vun de gréngen, d'Josée Lorsché am 100,7-Interview:

"Eng definitiv Decisioun vun der Chamber ass jo eng Decisioun, déi an der Chamber geholl gëtt, wou ofgestëmmt gëtt."

Zu engem Vott am Plenum ass et bis elo nach net komm. Dofir wier nach Zäit fir aner Meenungen afléissen ze loossen, wéi déi vum Verfassungsexpert Luc Heuschling.

Deen ass der Meenung, datt och fréier Ministeren d'selwecht behandelt sollte gi wéi normal Bierger.

Am Laf vun der nächster Woch kommen de Büro an d'Presidentekonferenz vun der Chamber nach eemol zesummen, fir iwwer d'Zoustännegkeet am Dossier Carole Dieschbourg ze schwätzen - dës Kéier mam Verfassungsexpert Luc Heuschling. Een éischte Rendezvous fir dës Woch gouf aus organisatoresche Grënn annuléiert, sot eis d'Djuna Bernard op Nofro hin.

Rechtsstaat a Gewaltentrennung

Et géif hei "ganz sécher" net drëms goe fir eppes ënner den Teppech ze kieren, mee et géif drëms goe fir opzeklären, ënnersträicht d'Josée Lorsché am 100,7-Interview.

Et géif och ëm de Respekt vun de Mënscherechter a vum Rechtsstaat goen:

"An engem Rechtsstaat zielt natierlech d'Gewaltentrennung. A wann et méiglech ass, datt den Dossier vun der Justiz kann opgekläert ginn, ass dat natierlech fir e Rechtsstaat méi richteg, wéi wann d'Chamber Geriicht muss spillen, well d'Chamber per se kee Geriicht ass."

Wien ass zoustänneg?

D'Fro ass just: wat geschitt, wann d'Chamber sech fir net zoustänneg erkläert an de Parquet bei senger Interpretatioun bleift, datt och hie keng Roll ze spillen huet? Bekëmmert da kee sech méi ëm den Dossier?

De Gilles Roth versteet dee Revirement net, fënnt dat alles äusserst problematesch. Ëmsou méi, well schonn eng Rei Deputéiert Asiicht an den Dossier haten.

Fir den CSV-Deputéierte stellt sech d'Fro, ob et an deem Fall keng Violatioun vum Untersuchungsgeheimnis wier.

Den LSAP Fraktiounspresident Yves Cruchten sot am 100,7-Interview, seng Fraktioun wier net Demandeur gewiescht. Et hätt een awer kee Problem domat den Expert nach eemol ze héieren.

Hie selwer géif sech extrem onwuel fille wéinst der aktueller rechtlecher Onsécherheet. Et wier am Interêt vu jiddwerengem, wann dësen Dossier séier gekläert kéint ginn.

Och de Gilles Baum huet gemengt, et wier kee Feeler dem Luc Hueschling nach eemol nozelauschteren. Méi wollt den DP-Fraktiounschef sech net äusseren.