Affaire Miltgen: "Net just Beamten a Fro stelle, mä och de System"
No senger Revocatioun als President vum Fonds du Logement wiesselt den Daniel Miltgen bis op Weideres an de Logementsministère. Den héije Beamte krut eisen Informatiounen no vun der Regierung ugebueden an de Wirtschaftsministère ze wiesselen, huet dat awer net acceptéiert. D’lescht Woch huet d’Regierung hien als President vum Fong ofgesat. D’Begrënnung : d’Logementsministesch hätt kee Vertraue méi an de Fonctionnaire. Mä et geet net duer just de Beamten a Fro ze stellen. De System muss hannerfrot gi, esou de Jean-Claude Franck an engem Kommentar
Et ass ëmmer nees erstaunlech wéi sech verschidden Affairen entwéckelen. Virun engem gudde Mount hu mer gemellt, datt de President vum Fonds du Logement eng juristesch Enquête riskéiert wéinst Trafic d’Influence. Mol net dräi Woche méi spéit huet de Regierungsrot decidéiert, datt den Daniel Miltgen soll als President vum Fong ofgesat ginn : eppes, wat d’Geriichter reng um aarbechtsrechtlechen Niveau nach beschäftege wäert.
D’Logementsministesch war offensichtlech frou iwwert d’Nouvelle vum 17. Februar. A gutt informéierte Kreesser heescht et, den Daniel Miltgen hätt beim externen Audit iwwert de Fonctionnement vum staatleche Fonds du Logement wéineg kooperéiert. Wann hien den Audit wierklech behënnert huet, ass et nozevollzéien, datt d’Regierung séier handele wollt. Wann d’Regierung awer just vun den Nouvellen an der Press profitéiert huet fir en héije Beamten aus dem Wee ze raumen, dann ass dat problematesch. Nach ass nämlech net gewosst, wat beim Audit eraus kënnt. Och ass nach net decidéiert, ob den Daniel Miltgen wéinst Trafic d’Influence inculpéiert gëtt oder net.
Sécher ass awer, datt de Parquet am Februar eng Enquête préliminaire opgemaach huet wéinst enger Konventioun tëscht dem Fong an dem private Promoteur Livingroom, deen zu Leideleng baue wëll. De Fong krut Terraine versprach. Als Géigeleeschtung sollt en hëllefen datt d’Terraine séier an de Bauperimeter kommen. “Wat ass dann dobäi, wann e Fonctionnaire dofir suergt datt de Fonds du Logement gënschteg un Terraine kënnt?”, froe vill Leit. Op den éischte Bléck eng justifiéiert Fro, allerdéngs gräift se ze kuerz.
Trafic d’Influence heescht, datt de Fonctionnaire méiglecherweis vu senger ëffentlecher Fonctioun abuséiert huet fir engem Privaten e Virdeel ze verschafen. Datt ass an eisem Code penal virgesi fir ënnert anerem Korruptioun z’evitéieren. Et geet an éischter Linn nämlech net em de Fonds du Logement, mä em de private Promoteur. Firwat soll dee vum Fong gehollef kréie fir 11 Hektar gréng Wiss a lukratiivt Bauland ëmklasséiert ze kréien ? Wann dat an dësem Fall geet, da wier et jo einfach : e Proprietaire huet eng Kouwiss vun zéng Hektar am Wäert vu 500.000 Euro. Da versprécht en dem Fonds du Logement e Fënneftel dovu, kritt dofir bei den administrative Prozedure gehollef a verkeeft säi reklasséiert Bauland um Enn fir 100 bis 200 mol méi. Wéi e Promoteur wier bei där enormer Plue-Value net bereet, dem Fonds du Logement fir déi kleng Hëllef e Fënneftel ze ginn an dat och nach zu engem gudde Präis ?
Interessant Froen, déi et derwäert sinn, datt se vun der Justiz gekläert ginn. Mä d’Politik ass domat net aus dem Schneider. Wann den Daniel Miltgen duerch seng verschidde Kapen am Wunnengsbauministère Interessekonflikter ausgesat war, dann ass et jo awer och d’Fro, wéi déi fréier Regierungen him déi verschidde Kapen iwwerhaapt opsetze konnten. A genee sou stellt sech d’Fro vun der Responsabilitéit. Wann et am Fonds du Logement Gestiouns- a Kommunikatiounsproblemer goufen, da kann de ganze Verwaltungsrot, de “Comité-Directeur”, net einfach sou maache, wéi wann en domat näischt ze di gehat hätt. Wa sou houfreg behaapt gëtt, de Fonds du Logement wier de gréisste Promoteur am Land, da wier et nëmmen normal wann et och géif eng serieux Kontroll ginn, déi där Envergure Rechnung dréit.
De Kommentar aus dem Moies-Panorama vum 24. Mäerz fir nozelauschteren :