Bei Mënsche mat méi wei engem Sexualpartner a besonnesch bei homosexuelle Männer géife bei den Afepouken déi meescht Fäll optrieden, sou d'Begrënnung vum CSMI. Leit mat engem schwaachen Immunsystem a Fleegepersonal sollte sech am Fall vun enger Expositioun mam Virus sou séier wéi méiglech an den zwou Wochen drop impfe loossen fir ee schwéiere Verlaf ze verhënneren.
Impfung, Contact Tracing a PCR-Tester
Fir eng Immuniséierung bräicht een zwou Dosissen innerhalb vun engem Mount. Fir Leit mat engem schwaachen Immunsystem recommandéiert d'Santé eng drëtt Impfdosis. Versprëtzt gëtt den Imfpstoff am CHL an der Stad. Fir Mannerjäreger wier den Impfstoff net autoriséiert. Am Laf vum Mount soll Lëtzebuerg 1.400 Impfdosisse geliwwert kréien.
Fir eng weider Verbreedung vum Virus ze verhënneren, géif een op Contact Tracing a PCR-Tester setzen. Extra präventiv Moossname solle fir de Gesondheetssecteur an Ugrëff geholl ginn. Betraffe Patiente sollen isoléiert ginn.
Och liewensgeféierlech Probleemer mam Nervesystem si méiglech
D'Waasserpouke ginn iwwer Kierperflëssegkeeten iwwerdroen. Am Fall vun enger Infektioun kënnt et zu Symptomer wéi Féiwer, Kappwéi, geschwollene Lymphkniet a Blosen, déi zu Pautsche ginn. Der Santé no kéint et bei engem schwéiere Krankheetsverlaf och zu Entzündungen a Problemer mam Nervesystem kommen. D'Inkubatiounszäit vum Virus leit tëscht dräi an 21 Deeg. De Krankheetsverlaf hätt an de meeschte Fäll eng Dauer vun zwou bis véier Wochen, esou d' Santé.
Bis elo eelef Mënsche weltwäit um Virus gestuerwen
Infektiéis wier ee bis d'Pautsche verschwannen. Wéinst dem weltwäiten Ausbroch vun den Afepouken huet d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO den 23. Juli eng gesondheetlech Noutsituatioun mat internationaler Portée ausgeruff. Bis gëschter goufen et weltwäit ronn 25.000 Fäll, eelef Mënsche si bis elo um Virus gestuerwen, esou d'WHO.
Zu Lëtzebuerg si momentan 31 Fäll vun den Afepouke bekannt. D' lescht Woch waren et der nach 23.