ADR: Generaksekretärin Liliana Miranda demissionéiert
D’General- an Fraktiounssekretärin vun der ADR ass zréckgetrueden, an ass glaichzeiteg aus der “Alternativer Demokratescher Reformpartei” ausgetrueden. Op hirem Blog schreift déi fréier Journalistin vum Quotidien, si hätt et net méi ausgehalen, well se net wëll, en Zitat “Clibchen ënnerstëtzen, deen zum Deel xenophob ass”. Weider kritiséiert d’Liliana Miranda déi inexistent Féierung vun der ADR, ënnert der Presidence vum Jean Schoos. Et ass och de Reproche, datt d’Partei just ronderëm d’Persoun vum Gast Gibéryen opgebaut wier.
D'Liliana Miranda iwwert d'Hannergrënn vun hirer Demissioun, déi partiintern Organisatiounsproblemer, déi ideologesch Ausriichtung vun der ADR, an hir perséinlech Zukunftspläng:
Den ADR Partei-President Jean Schoos ass net iwwerrascht iwwert d’Décisioun vun der Liliana Miranda fir als General- an Fraktiounssekretärin ze demissionéieren a sech aus der Partei zréck ze zeien. Et wär och scho méi laang gewosst gewiescht, datt si sech eng aner Aarbecht géing sichen, esou de Jean Schoos. Zum Reproche datt d’ADR sech net genug vu partei-internen rietsextremen an xenophoben Tendenzen géing distanzéieren, seet den ADR-President Jean Schoos, datt et an all Parteien “Idioten” géinge ginn.
Den Interview mam ADR-President:
er Liliana Miranda hier Demissioun an hire Partei-Austrëtt sinn net op politesch Meenungsverschiddenheeten zréckzeféieren, mee op zwëschemënschlech Konflikter bannent der Partei, sot eis den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. D’Liliana Miranda hätt eng exzellent Aarbecht geleescht, Teamgeescht wier awer net méiglech gewiescht (sou heescht et och an engem Communiqué vun der ADR). Di lescht Plaz op der ADR-Lëscht bei den Europawahle kéint zur Decisioun vun der jonker Politikerin, fir déi d’Europaparlament e wichtegt Ziel gewiescht wier, bäigedroen hunn. Rassismus a Riets-Extremismus, deen d’Liliana Miranda der ADR elo virgeheit, huet si als Generalsekretärin ni zur Sprooch bruecht, sou de Gast Gibéryen. Déi 3 ADR-Deputéiert an de Parteipresident hätten an der Mëttesstonn decidéiert, datt an Zukunft net eng Persoun alleng di zwou Funktioune vum Fraktiouns- a Generalsekretär soll besetzen.
De Gast Gibéryen:
Den Fernand Kartheiser sengersäits, bedauert d’Demissioun. Zum Virworf, datt sech d’ADR net genuch vu rietsextremen, rassistesche an xenophoben Iddien an Tendenzen an der Partei géing distanzéieren, seet de Fernand Kartheiser, datt et keng esou Tendenzen géing ginn. Ëm d'Zukunft vun der Partei mécht den ADR-Deputéierten sech eegenen Aussoen no keng Suergen.
Den Interview mam Fernand Kartheiser:
De fréieren ADR-Deputéierten Jean Colombera, dee mëttlerweil mat der PID eng nei Partei gegrënnt huet, reagéiert an engem Communiqué op d'Demissioun vum Liliana Miranda.
De Fernand Kartheiser huet sech ëmmer rëm dofir agesat, datt d’ADR an d’CSV sech méi no komme, schreift déi fréier ADR-Generalsekretärin Liliana Miranda op hirem Internet-Blog. Eng eminent Persoun aus der CSV hätt enger prominenter ADR-Persoun d’Offer gemaach, fir no den Europawahlen ze kucke wéi een an der Oppositioun besser kann zesumme schaffen, an d'Regierungsaarbecht zesummen z’attackéieren, esou d’Liliana Miranda am 100,7-Interview.
ir eng gutt Oppositiounsaarbecht ze maache wier et sënnvoll, sech tëschent CSV an ADR besser ze coordinéieren, esou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser op eis Nofro hin.
’CSV wéisst näischt vun engem Rapprochement tëschent ADR an CSV, huet et de Moien enger Reaktioun geheescht. Dem CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet no, géif et kee Sënn maache fir ee Bündnis an der Oppositioun ze maachen a scho guer net mat der ADR.