Adoptioun vu schwéier geeschteg Behënnerten iwwer 15 Joer
D’Verfassungsgeriicht huet an engem Arrêt de Wee fräi gemaacht fir d’Adoptioun vu Mannerjäregen iwwer 15 Joer respektiv Erwuessenen ënner Tutelle, déi schwéier geeschteg behënnert sinn. Och wann d’Adoptioun am Interêt vun der betraffener Persoun ass, géif dat aktuellt Gesetz et net erlaben. Dat verstéisst géint de Gläichheetsprinzip vun der Verfassung, sou d’Cour Constitutionnelle an engem Arrêt vum 13. Dezember, deen haut am Mémorial publizéiert gouf. Dem Gesetz no musse Persoun’en iwwer 15 Joer mat hierer Adoptioun averstan sinn. Bei engem schwéiere mentalen Handicap ass de "Consentement" awer net méiglech, an d’Gesetz gesäit och net d’Méiglechkeet fir dës Decisioun engem Drëtten z’iwwerloossen.
De Fall, iwwert deen d’Verfassungsgeriicht sech ausgeschwat huet, ass ganz rar, heescht et op Nofro beim SCAF, dem “Service spécialisé d’accompagnement et de soutien à la parentalité”. Geeschteg behënnert Kanner ginn an der Reegel am jonken Alter adoptéiert.