Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADHS: Eng Diagnos, keng Meenung!

Webinar

ADHS: Eng Diagnos, keng Meenung!

Den Oktober steet dëst Joer am Zeeche vun der Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung - op Däitsch ofgekierzt ADHS, op Franséisch TDA/H. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) an de Service de consultation et d'aide pour troubles de l'attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) wëllen dofir sensibiliséieren, doriwwer informéieren a besonnesch och d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

auto_stories

4 min

Adhs - Eng Diagnos, Keng Meenung!

Wisou eng Fréierkennung esou Wichteg ass, an den ADHS Een dat ganzt Liewe begleet.

Fir ADHS kënnen ze diagnostizéiere brauch et vill Partner aus dem medezineschen, schouleschen a psycho-soziale Milieu.

De CDA, de Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat Léierstéierungen Groussherzogin Maria Teresa, an Zesummenaarbecht mam SCAP, d'Berodungs an Ënnerstëtzungsstell bei Stéierungen vun der Opmierksamkeet, der Wahrnehmung an der psychomotorescher Entwécklung, hunn eng Sensibiliséierungscampagne iwwert dëst Thema lancéiert. De ganze Mount Oktober schonn ginn an deem Kontext Konferenzen, Formatiounen Austauschtreffen a Workshops organiséiert.

Dëse Webinar war een Deel vun deem Programm.

An der Ronn hunn diskutéiert:

  • Dr Alexander Marcus, Kannerpsychiater a Psychotherapeut, fréieren Chefarzt vun der Kannerpsychatrie am Mutterhaus zu Tréier
  • Liane Königs, Kannerpsychiaterin a Psychotherapeutin am SCAP
  • Manuelle Schank, Pedagogin a Psychotherapeutin am CDA
  • Liz Theis, Ergotherapeutin mat engem Master an der Santé publique am SCAP

Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung - op Däitsch ofgekierzt ADHS, op Franséisch TDA/H - ass eng pathologesch Erkrankung bei Kanner, déi genetesch iwwerdroe ka ginn, erkläert den Dr. Olivier Revol, Neuropsychiater a Kannerpsychiater.

Mir hu vum Dr Revol héieren wéi wichteg et ass dass eng Diagnos vum ADHS gestallt gëtt, och wann déi genee Ursaache vun ADHS wieren net bekannt, mee eng 50 Genen hätten en Impakt op d'Krankheet. Et braucht awer nach weider Facteuren, wéi zum Beispill Stress oder Nikotin an der Schwangerschaft.

D'Krankheet huet ee säi ganzt Liewen, se ass net heelbar, mee et kann ee Strategie léiere fir domadder ëmzegoen. Well een d'Erkrankung vun der Kandheet un huet wier et wichteg se fréi ze erkennen. Dacks géife sozial Problemer mat de Krankheet Hand an Hand goen.

Symptomer vun der Krankheet sinn Onopmierksamkeet, Impulsivitéit an Hyperaktivitéit, mee fir e geneeën Diagnostik ass et ee laange Wee - do waren d'Experten am Webinar sech eens. Déi concernéiert Kanner hunn all Dag Problemer, an net just a spezifesche Situatiounen.

D'Diagnos ass ee laange Prozess

Wann ee mierkt, datt seng Kanner Konflikter an der Interaktioun mat anere Kanner oder an der Famill kréien, sollen d'Elteren als éischt kucken, ob dat just kuerzfristeg ass an no zwee bis dräi Méint erëm eriwwer ass. Sollt et länger daueren, kéint een als éischt bei de Kannerdokter oder de Generalist goen, mee d'Diagnos ka just ee Spezialist maachen, also en Neurolog oder e Kannerpsychiater.

D'Diagnos ass ee Prozess, dee länger dauert: den Dokter muss d'Kand selwer gesinn an och erliewen. Hei geet eng Seance awer net duer an et muss d'Evolutioun vum Kand iwwer eng länger Dauer analyséieren. Heifir mussen och d'Elteren an d'Schoulpersonal mat abezu ginn.

Weider wier et wichteg d'Elteren an d'Léierpersonal iwwer d'Krankheet opzeklären, hinne keen Drock ze maachen, hiren Ängschten nozelauschteren, an hinnen Outile gi fir d'Kand sou gutt wéi méiglech ze encadréieren.

Aus all deem wat mer bis elo héieren hunn, geet ganz kloer ervir dass eng gutt Zesummenaarbecht op villen Niveauen essentiell ass. D'Schoul, d'Experten an d'Elteren hunn eng wichteg Roll ze spillen wann et drëm geet eraus ze fannen ob ee Kand tatsächlech ADHS huet an him dann och entspriechend ze hëllefen.

D'Symptomer ännere sech iwwer d'Zäit

ADHS kann een net heelen. An et hält och net einfach sou am Laf vum Liewen op. D'Symptomer changéieren awer mat der Zäit.

Wann Dir nach méi zum Thema ADHS wëllt wëssen, a wéi een domat lieft, ass muer den Owend um Belval vun 18 bis 20 Auer och nach eng Konferenz mam Dr Revol: Conférence de clôture - Le TDA/H, tout au long de la vie. Et sinn nach e puer Plaze fräi fir déi Konferenz, fir déi ee sech aschreiwe muss, an déi als Covid-Check-Event gëllt.

Méi Informatiounen fannt dir op der Websäit www.tdah.lu