Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Johnny Marr - Lightning People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Adaptatiounen am Enseignement

Omikron

Adaptatiounen am Enseignement

Wéinst der Omikron-Well huet den Educatiounsministère elo déi sanitär Moossnamen adaptéiert déi ee soll bei positive Covid Fäll an enger Klass asetzen. Déi Moossnamen hänken dovunner of ob de Schüler oder Enseignant geimpft ass oder net. Ännerunge ginn et och bei de Schnelltester an der Schoul.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann

Et bleift derbäi: Wann et ee positive Fall an enger Klass gëtt dann heescht et wärend enger Woch all Dag een Schnelltest, wann Elteren awer den Test refuséiere mussen déi net geimpfte Schüler fir 7 Deeg a Quarantaine, a wa se keen zertifiéierten Test kënne virweisen da mussen se nach ee mol siwen Deeg a Quarantaine bleiwen. am Secondaire gëtt et elo a Plaz vun zwee Tester der dräi an der Schoul pro Woch. Bei positive Fäll an der Klass, ginn d'Schüler all Dag direkt virum Unterrecht getest preziséiert den Educatiounsminister Claude Meisch.

Verkierzung vun der Isolatiounszäit bréngt Virdeeler fir d'Organisatioun

Nei ass datt eng Persoun also Schüler oder Enseignant no engem positiven Covid-Test automatesch an Isolement placéiert gëtt, ouni d'Resultat vun engem PCR-Test ofzewaarden. Dann hunn d'Elteren och d'Recht op de Congé pour raisons familiales. Jee no Impfstatut gëtt d'Isolatiounszäit adaptéiert, de Claude Meisch.

Zil wier et datt Enseignante sou séier wéi méiglech nees aus der Isolatioun eraus kéinte komme fir nees Schoul ze halen.

Educatiounsminister begréisst Boosterimpfung ab 12 Joer

Fir d'Omikronwell ze brieche gëtt d'Boosterimpfung ab 12 Joer méiglech, dat begréisst de Claude Meisch. Doduerch géif een net evitéiere sech unzestiechen, mee géif e gewësse Schutz géint e schwéiere Verlaf vun der Krankheet bidden.

An am Fall wou et ee Cluster an enger Schoul gëtt kann d'Santésdirektioun nach ëmmer ee Konzept fir déi betraffe Schüler festhalen.