Zanter e Freideg ass den neien Accord salarial an der Fonction publique tëscht CGFP a Ministère an dréchenen Dicher. Den OGBL souz net mat um Verhandlungsdësch.
Den onofhängege Gewerkschaftsbond hat dat - ouni Erfolleg - revendiquéiert, mam Argument, datt d'Salairesentwécklunge vun de sougenannten assimiléierte Secteuren, also Eisebunn, Gesondheets-a Sozialwiesen och vun deem Ofkommes géifen ofhänken.
An do géifen insgesamt méi Leit schaffen, wéi an der Fonction publique selwer, ëm 41.000 Salariéë géint déi ronn 34.500 Fonctionnairen an Employés de l'Etat.
Ënner anerem hat den OGBL eng generell Punktwäerterhéijung vu 5 Prozent gefuerdert. Déi gouf et net, 2024 sollen d'Salairen ëm 1,95 Prozent klammen.
D'nächst Joer sollen et op den éischten 100 Punkte 5 Prozent méi ginn. De Fréréric Krier vum OGBL begréisst déi Moossnam zwar, well déi niddereg Karriäre méi opgewäert géife ginn, wéi déi méi héich.
Den OGBL wëllt muer op sengem Nationalvirstand klären, wéi en op dësen neien Accord salarial an der Fonction publique wëllt reagéieren, sou nach de Frédéric Krier vum OGBL