Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Abitatio, neie Promoteur fir soziale Wunnengsbau

Gilles Hempel

Abitatio, neie Promoteur fir soziale Wunnengsbau

Mat der neier Aktivitéit Abitatio wëllt d'Fondatioun fir den Zougang zum Logement an eegener Regie Sozialwunnenge bauen. D'Zil wier et all Joer 50 där Wunnengen entweder ze bauen oder ze renovéieren, esou de Gilles Hempel, Direkter vun der Agence immobilière sociale.

auto_stories

2 min

De Gilles Hempel. Foto: Archiv

De ganzen Interview mam Gilles Hempel lauschterenplay_arrow


Am Géigesaz zu der Agence immobilère sociale (AIS), déi Wunnenge vun anere Läit verwalt, baut Abitatio selwer Wunnengen op Terrainen, déi entweder kaf ginn oder déi vum Staat oder de Gemenge mat enger Emphytéose zur Verfügung gestallt ginn. Grad wéi d'AIS ass Abitatio am ganze Land aktiv.

Kleng Projeten a klenge Gemengen

Am Verglach mat den ëffentleche Promoteuren SNHBM a Fonds du Logement, déi éischter grouss Logementsprojete realiséieren, geet et bei Abitatio ëm Projeten an der Gréisst vu sechs bis zwielef Wunnengen.

"Mir maachen dat dann och a klenge Gemengen, déi elo net direkt wëllen esou ee grousse Projet realiséiere wéi dat, wat de Fonds du Logement oder d'SNHBM plangen. Vill Gemenge wëllen eppes am soziale Wunnengsbau maachen, mee si hu weder d'Personal nach den Knowhow dofir. An eng Gemeng, déi een Terrain huet, déi kann eis deen en Emphytéose ginn, an da baue mir eppes do drop, a mir këmmeren eis ëm déi ganz Gestioun. Et soll elo net bei deene 50 Wunnenge bleiwen, déi scho geplangt sinn. Zil ass et mëttelfristeg eng 50 Wunnengen d'Joer kënne fäerdeg ze stellen".

Kofinanzéierung vum Logementsministère

Wéi all d'Promoteuren, déi am soziale Wunnengsbau aktiv sinn, kritt Abitatio och de Kofinanzement vum Logementsministère garantéiert.

"Do ass eng Participatioun vu 75 Prozent virgesinn. Déi aner 25 Prozent, do hu mir ee Projet, dee vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt gëtt. Fir aner Projeten do gi mir op d'Bank léinen. Déi Prête gi mat de Loyere rembourséiert, déi mir herno erakréien".

Méi streng Krittären an de Konventioune mam Logementsministère

Bis elo konnt de soziale Promoteur no 20 Joer déi subventionéiert Wunneng um éischte Marché verkafen oder fir ee méi héije Loyer verlounen. Elo wier dat no 40 Joer de Fall.

"Fir Abitatio mécht dat guer keen Ënnerscheed. Datt de Ministère déi sozial Bindung vun 20 op 40 Joer gehuewen huet, begréisse mir. Mir hu souwisou net wëlles déi Wunnengen ze verkafen, an och net wëlles déi Wunnengen iergendwa méi deier ze verloune wéi zu engem sozialen Tarif. Fir eis kéint déi sozial Bindung och nach méi héich sinn".