Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbecht schützt net virun Aarmut

Sozial Gerechtegkeet

Aarbecht schützt net virun Aarmut

D'Schéier tëscht Aarm a Räich geet auserneen. Aarbecht schützt net virun Aarmut, do sinn sech Caritas a Salariatskummer eens. D'Hausse vun der Aarmut huet domadder ze dinn, datt d'Ongläichheeten um Niveau vum Revenu zougeholl hunn, esou de President vun der Salariatskummer Jean-Claude Reding.

auto_stories

2 min

Déi ënnescht Salaire wiere ganz lues gewuess, déi héich vill méi séier. De President vun der Salariatskummer, de Jean-Claude Reding weist drop hin, datt et nach méi schlëmm wier, wann een och d'Revenue vum Patrimoine géif kucken, wou et eng reegelrecht Explosioun vun den Ongläichheete géif ginn. Dëst géif bedeiten, datt d'Friichte vum ekonomesche Wuesstem ongläich verdeelt wieren.

De Robert Urbé vun der Caritas deelt déi Analys an ergänzt, datt d'Lounquot iwwert d'Joren erof gaange wär, dat ass deen Deel deen un d'Leit geet déi schaffen. Doriwwer eraus wier d'Medianakommes, vun deem all Joer de "Seuil de risque de pauvreté" gerechent gëtt, déi éischte Kéier zréck gaangen. An zwar op e Niveau vu viru bal zwee Joer. "An dat heescht ebe genau, datt et och déi Leit déi an der Mëtt vun der Akommesskala sinn, et déi och elo trefft - an net nëmmen déi Schwaach", ergänzt de Robert Urbé.

Versprieche sollen ëmgesat ginn

Eng Rei vu Sozialleeschtunge wieren ënnert dëser Regierung zeréckgefuer ginn, anerer hätte misste gehéicht ginn; dat wier awer net geschitt. Den RMG misst gehéicht ginn, de Complement zum RMG och. Dem Jean-Claude Reding no wier et elo nach un den Deputéierten, fir deene Fuerderunge bei der Reform vum RMG Rechnung ze droen. Dernieft misst d'Kannergeld erëm indexéiert an un déi allgemeng Lounentwécklung ugepasst ginn. Den CSL-President fuerdert, datt d'Versprieche vun 2014 ëmgesat solle ginn.

Dernieft sinn d'Salariatskummer an d'Caritas fir Deckelung vun de Loyer, den Terrain- an Immobiliëpräisser.


D'Mick Entringer am Panorama de 24. Abrëll um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow