Den duebele Count-down leeft: A genee 99 Deeg sinn Europawahlen, an 42 Deeg ass Brexit. Am Prinzip gëtt dës Kéier ee méi klengt Parlament wéi 2014 gewielt: Ouni d'Brite geet d'Zuel vun den Europadeputéiert vun 751 op 705 erof. Dat hunn d'Staats- a Regierungscheffen esou décidéiert.
Mee wat geschitt, wa Groussbritannien elo awer nach eng Verlängerung ufreet? A wat geschitt, wann deen neien Austrëttsdatum no den Europawahlen ass?
Do gëtt et zwou juristesch Liesaarten. Déi eng seet, den Datum vun de Wahlen ass deen, deen zielt. Déi aner seet, datt den Datum vum 2. Juli, wann dat neit Parlament offiziell ufänkt, deen ass, op deen et ukënnt.
Muss Groussbritannien dann awer Europawahlen organiséieren?
D'radio 100,7-EU-Korrespondentin Danièle Weber gëtt Eckdaten an Erklärungen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.