Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 93 Milliounen Euro aus dem europäesche Fong

Hëllefsfongen

93 Milliounen Euro aus dem europäesche Fong

D'EU-Kommissioun huet haut gréng Luucht gi fir de Lëtzebuerger Reprise- a Resilienz-Plang: et sollen europäesch Corona-Hëllefe vu ronn 93 Milliounen Euro fléissen. Dat huet d'Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen haut bei hirer Aarbechtsvisitt hei am Land ugekënnegt.

auto_stories

2 min

61 Prozent vun de Lëtzebuerger Investissementer a Reform-Mesurë si fir de Klimaschutz an 32 Prozent am Lëtzebuerger Corona-Rëmopbauplang si fir déi digital Transitioun. Op der gemeinsamer Pressekonferenz mat der EU-Kommissiounspresidentin de Moie beim Satellitten-Operateur SES zu Betzder, huet de Premier Xavier Bettel dës Beispiller aus dem Lëtzebuerger Rëmopbau-Plang genannt.

Éischtens wéilt een d'Decarboniéiserung vum Verkéier virun dreiwen, zB duerch Investitiounen, mee och un elektresch Luetstatiounen. Zweetens wier et eng Prioritéit d'Schafe vum bezuelbaren an nohaltegem Wunnraum duerch Investitiounen a Projete wéi Neischmelz zu Diddeleng. Drëttens géif et der Regierung ëm d'Investitioun an eng sécher Konnektivitéit goem.

D'Reformen an Investissementer, déi Lëtzebuerg plangt, wäerten de gréngen an den digitale Wandel méi séier maachen, esou d'Ursula Von der Leyen. De Lëtzebuerger Plang wier e vun den ëmweltfrëndlechsten, wann net souguer deen ëmweltfrëndlechsten an Europa, huet d'EU-Kommissiouns-Presidentin betount.

Steierpolitik geet der EU-Kommissioun net wäit genuch

D'EU-Kommissioun bedauert awer, datt Lëtzebuerg bei der Steierpolitik de lännerspezifesche Recommandatiounen net nokënnt a keng deementspriechend Mesure virgeschloen huet. Dorop ugeschwat, huet d'Ursula Von der Leyen de Moien zu Betzder erkläert, datt Lëtzebuerg a sengem Plang verschidde Moossnamen agebaut huet, mee:

"Der einzige Punkt ist, dass wir sagen, das ist nicht weitreichend um einen Meilenstein daraus zu machen. Ich möchte hervorheben, dass Luxemburg in den meisten Feldern geliefert hat, z.B. auch beim Thema Kampf gegen Geldwäsche. Und da sind wir besonders dankbar für. Das ist ein entscheidender Kampf, den wir gemeinsam führen. (...)"

D'Regierung hat de Lëtzebuerger Reprise- a Resilienzplang Enn Abrëll ugeholl a bei d'EU-Kommissioun op Bréissel geschéckt, fir europäesche Suen ze kréien. Éier déi éischt Suen aus dem EU-Corona-Rëmopbaufong un d'Memberstaate kënne fléissen, muss den EU-Rot nach säin Accord ginn.