De Camion ass op enger Streck vun zwee Kilometer iwwert d’Leit gefuer. De Chauffer hätt och op d’Mënsche geschoss, heescht et a franséische Medien. Panik ass ausgebrach. D’Police huet den Attentäter während senger Amok-Fahrt erschoss.
De Chauffer war den 31 Joer ale Mohamed Lahouaiej-Bouhlel, e Franco-Tunesier, deen zu Nice selwer gewunnt huet. Am Camion goufen niewent engem Gewier och plastiks Waffe fonnt. Nach ass net kloer, ob den Attentäter Komplizen hat. Hie war der Police net als radikaliséiert bekannt.
D’Awunner vun Nice goufen opgefuerdert doheem ze bleiwen, fir d’Aarbecht vun de Rettungsequippen net ze hënneren.
Schonn erëm Frankräich
No den Attentater vu Januar an November d’läscht Joer ass Frankräich op e neits getraff. De President François Hollande huet de Moie fréi vun engem Attentat mat terroristeschem Hannergrond geschwat an ugekënnegt, datt den Ausnamezoustand op mannst fir dräi Méint verlängert gëtt. Gëschter nach hat de franséische Staatschef erkläert, den état d'urgence géif de 26. Juli opgehuewe ginn.
De François Hollande huet an enger Usproch op der Tëlee, genee ewéi no en Attentater d’läscht Joer, keen Zweiwel un der Determinatioun vu Frankräich gelooss : "Mir wäerten d’Militäraktiounen a Syrien an am Irak intensifiéieren".
Reaktiounen
International gëtt d’Attentat ferm veruerteelt. D’UNO schwätzt vun enger "barbarescher a feiger Aktioun". Den US-President Barack Obama sot: "Mir stinn hannert Frankräich, engem vun eisen eelsten Alliéierten".
Europäesch Spëtzepolitiker, déi de Moment fir en EU-Asien-Sommet an der Mongolei sinn, hu mat enger minute de silence den Affer vun Nice geduecht.
De Premier Xavier Bettel:
Den Ausseminister Jean Asselborn:
De Lëtzebuerger Ambassadeur a Frankräich, Paul Dühr: